Ee schwiereges Sujet, deens du gudd gemeeschtert hues. Du hues d'Schärft gudd op de Punkt bruecht. Et ass fantastesch, sou d'Detailer ze gesin, déi een normalerweis guer net matkritt, wann ee sou Päiperlécken an der Natur gesäit. Et ass scho phänomenal, wat fir eng Formen d'Liewen erfirbruecht huet. Wat ech just komesch fannen, dat ass datt grad zu eisen Zäite, wou ee mat der Optik an der technik d'Schéinheet an d'Vielfalt vun der Schöfung ka sichtbar maache wi ni virdrun, déi selwécht Natur ëmmer manner respektéiert gët.
Villmols merci Nico. Ech fannen et och schued dass natur emmer manner respekteiert get, an zumols vun deenen jonken an dei an mengem alter... mee dei gesin einfach d'scheinheet vun der natur net, an wessen se och net mei ze schätzen...woubei se eigentlech mol missten iwerleen vun wou se dach eigentlech hirkommen....
Moien,
Freier as gesot gin, wei eng Welt hannerlossen mir eisen Kanner, haut kann een soen, wei eng Kanner hannerlossen mir eiser Welt.
Den Respekt am allgemengen as faerm amgangen zereck ze goen, deen vis à vis vun der Natur an Emwelt, awer och deen vis à vis vun den aneren Matbierger.
Trotzdeem, super flott dei Detailer vum Pimpampel ze gesin
wonnerschéin Detailler Nathalie
den Nicon07 huet scho baal alles gesoot
gudd geschafft, well ech weess, dass dat do eng Aarbecht ass déi net sou liicht ass
4 gefällt mir am Beschten
Villmols merci jorsch.
Klengen Tipp, kuck der mol genau Foto Nr 3 un, drein se en bessen an cropp mol eng keier dran...dann entsteht Nr 4, genau esou mat 1 an 2. Dat sin emmer "Close up"