Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cloned

 
Cloned
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.06.2012
  • Gekuckt:
    31678
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x529
  • Späicherplaz:
    198 KB
  • Originaldatum:
    2012:06:02 11:36:20
  • Fotoapparat:
    PENTAX K-7
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64474]
Kommentar vum Fotograf:
Wou ass den Original...?
gtaddei1 22.06.2012 - 08:54
Ekzellent Fro .. wou ass den Original
An der Mëtt daat weisst Steck do smile
Jaycee 25.06.2012 - 21:21
... daat ass elo eng kniwellëg Fro... waat daat weisst Steck an der Mëtt ugeht... déi komme jo zu dausenden vun der Produktiouns châine gebonzelt... den d'Original wär dann wuel éischter den alleréischten Prototyp... concept car nennt én daat wuel haut éischter... closed_eye

http://www.carlustblog.com/2008/07/car-lust--porsc...

gtaddei1 29.06.2012 - 01:53
Eng Kniwwelesch Aentfert , geif ech soen
Jo den Auto ass och geloont gin, mé dén doten ass réel... dei flott Damen (an emmer dei selwescht) sinn awer Virtuell an et paakt én sech un daat Stabelt un... daat waat plus ou moins secher ass!Dei Original ok ... Prototyp? Mmmm dei Damen ?
Jaycee 01.07.2012 - 14:26
Loose mer ët méi einfach ausdrëcken... ët ass eng geclonte Foto... am ëmgedréite Sënn vum Wuert closed_eye
Zodiac 22.06.2012 - 10:27
Ohje, elo get och schon op Photogen geklont closed_eye An dat esouguer richteg gudd.
suraki 22.06.2012 - 16:35
hei, do , do an do a natierlech dat dengen do an der Mëtt do closed_eye
Jaycee 25.06.2012 - 21:27
... eh ben mon cher, ça se discute... closed_eye
JADE 22.06.2012 - 22:09
ech sin enttäuscht!











bei esouvill (meeeeeeeeega) Galoschen déi deng Madame huet ("neideschen Toun drop" ), hätt sie ons se awer och kéinten baal all weisen hei unhappy
Jaycee 25.06.2012 - 21:25
... ech mengen se huet déi méscht verkaaf... an dann hätten se eventuell och nët onbedingt bei déi Klamott hei gepasst... closed_eye
Meclo 23.06.2012 - 11:06
Dutt Iddi a gutt Aarbecht
gi87 23.06.2012 - 12:06
Sin dei 4 Frahleit mat Inclus beim Kaaf vum Porsche ? bigsmile gut Idee an flott emgesat !
Jaycee 25.06.2012 - 21:28
... wuel kaum, wéi giffs de se och an der Bidden transportéieren...
gi87 25.06.2012 - 21:37
bigsmile
Photom 24.06.2012 - 16:09
Immens...... Op déi Iddi muss e kommen, fir déi Foto do esou ze verwierklechen.

Ech hunn déi Foto laang gekuckt an hat den Androck dass de Schied um Capot mat dem vun der Säitendier net dee selwechtem Wénkel hätten. An Fuerf vun de Schung schéngt net duerch Liichtawierkung identesch ze sinn.

Ech weess ech hu gutt schreiwen a meckeren hei. Et ass mir einfach opgefall. Op jiddefalls dat do géif ech elo nach net fäerdeg kréien. smile
smile
CHAPEAU
Jaycee 25.06.2012 - 21:36
Ech kann der versëcheren dass d'Schiëter alleguer natiirlech sin, dass dë der Gedanke mëchs an no Fehler sichs ass eigentlich eng gudd Astellung. Esou eng Foto maachen as eigentlech keng Hexerei. 4 eenzel Fotoen mat Layeren zesummegesaat. Viraussetzungen: 1 stabilt Stativ. Kamera manuell agestallt, idem de Wäissoofgläich. Probéier emol fiir d'èischt mé eng einfach, mat 2 mol dem selweschten sujet...
Photom 25.06.2012 - 23:48
Merci fir den Tipp Jaycee. Waert do emol probéieren. Fannen esou Expérimenter nawell ganz interressant
Maimonides 26.06.2012 - 20:39
D'Original ass hei:

vum Jaycee

Jambes en l'air...


closed_eye
Jaycee 26.06.2012 - 23:07
Judicieusement observé, wéi ëmmer Charel smile
Gaga 28.06.2012 - 15:30
Louboutin! Geil Schung ! bigsmile

Dem Maimonides sein Original gefällt mer awer besser, an sech op den Kapot setzen as en no-go! bigsmile

Spaas bei seit, mier geiffen dei 3 "normal" fotoen vun fier hannen an firum Auto besser gefaalen wei des zesummegesaaten. Hoffen do kennt nach epes!
Jaycee 01.07.2012 - 14:16
Ausser dass dat um-capot-sëtzen é no-go ass, huet ët och nach én aaneren Nodeel mat sech bruecht... duerch daat (liicht) Gewicht, huet dé viichten Deel sech é bessi gesenkt, waat hanneno é klenge Problem beim zesummesetzen mat sech brecht huet... closed_eye

P.S. du bass wiirklech connaisseur waat Galoschen ugeht... cool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 221 Gäscht online