Hei muss een definitiv drop klicken Ech fannen et eng genial Vue, et kéint suguer ënnen nach méi drop si fir mäi Gout!
Ech weess elo net wat s de alles dru gemaach hues, mee mir schéngt dat gréngt ënen lenks eng aner gréng ze sinn wéi am Recht vum Bild. Ech weess natirlech dass Plazen net all déi nämmlech gring hunn Mee et fällt awer iergendwéi op. De Recht vum Bild huet méi Giel Téin.
Awer trotzdem fir mech eng ganz gutt Foto.
Ech hunn u sech bis bei meng Féiss geknipst, mee iergendwéi huet den Ps d'Perspektiv en bëssen massakréiert.
Mat den Faarwen kann effektiv sinn, hunn an den hellen Téin méi Giel dran gemaach an net maskéiert. Wat fënns de besser, dat méi gréngt oder méi gielt?
Dat méi gréngt fannen ech perséinlech besser Gesäit méi säfteg aus, woubäi dat richtung giel ëmmer scho méi Richtung dürr ausgesäit, mee et däerf een natierlech sou oder sou net iwwerdreiwen.
Also 2 Sachen, e bessen mei Recul fier mei vun der Quell op t'Bild ze kreien wier villeicht gut gewiercht. Dann just daat klengt gréngt Blaat uewen an der Mett um Rand !?! Fier t'Sonnenstrahlen evt en mei heich Blendenzuel ?
Jup, bëssen méi no hannen wier cool gewiecht, mee ech stung op enger Bréck déi anescht mat an d'Bild komm wier an definitiv net schéin war. Blend méi zou aus 2 Grënn net: fannen et net flott wann d'Sonnestrahlen sou iwwerdriwwen sinn, an ech war 2 Deeg mam Rucksack ënnerwee, an Stativ wier ze schwéier gewiescht.