Do gesäit zou wat Mënschheet fäheg ass. Wenn jiidereen do säin Knascht an Dreckskëscht geschmass hätt...........
Awer ech fannen do soll net ewech gekuckt ginn, mä am Bild festgehalen ginn. Dat as e Beispill fir an d'Léierbuch vun der Moral wéi een et net soll maachen. Aarm Mënschheet wéi wäit bass de komm ?
Do hätt een keng Dreckskeschten mee Dreckscontaineren oder besser een ganzen Dreckstipp gebraucht! Sou eppes hunn ech nach nie gesinn.
Souguer mat enger Panorama-foto hätt ech net alles drop kritt.
Also als begeeschterten Festivalgänger, kanne ch bestätegen dat et sou, net nemmen um Rock am Ring ausgesait, de Camping gesait quasi emmer sou aus, mee um Ring maachen dei vill Mannerjähreger et net wierklech besser... Ech kann dat net novollzeien, ech huelen mei Dreck emmer mat, well firuna llem war et um Ring och nach sou, dats de fir eng voll Dreckstuut 5Euro kruus... Du KRIS suen dofir dats de dain Dreck an eng Dreckstuut mess... um Summerbreeze kris de en Tshirt, um Ragnarök n Poster asw.
An dann leisst trozdem all mensch Saachen do leien. Woubai dei Fotoen hei nach harmlos sin Ech hun schon vun Liedersfotelen, iwwer Frigoen, bis Meimaschinnen an Autosbaterien alles do gesin :/
Do geseit een watt dobai eraus kennt wann 100.000 Leid beieneen kommen fier d'Sau eraus ze loosen ann keen se bremst. Do sinn zum greissten Deel Leid dobai wei Du ann ech, wou Doheem alles 100% Propper an Sauber ass.
Daat kennt also dobai eraus wann jiddereen mecht waat een well. Ann daat no 3 Deeg.
Esou ann net aannescht funktioneiert eis Gesellschaft. 1 Aaff mecht der 100.
Net erschreckend mee bekenklech.
Mé d'Sau erausloossen ... waat héscht daat? Wann mir frei geloos gin ... dann héscht d'Freihét
1- Dreckesch maachen
2- sech besäufen
3- Sex à la Woostock
4- Pissen an allen Ecker...
Sin dei Jongen an Médecher esou reprmeiert dass sie sech ewei Mënschen behuelen wellen (ech geif soen ewei Saï , mé dei maachen daat dach guer net!)
Nu jé ... Waat hunn se dofunnen? Sie sollen mir soen waat sie dofunnen hunn ?
Super festgehal! Ech fannen déi Sauerei do och schlëmm, si selwer etlech Kéieren op Werchter gaang, do ass et net besser, mä et huet sech awer do zumindest an deenen letzten Joeren verbessert, dat muss een awer soen!
Allerdings duerf een och net Moralapostel spillen: Um Ring gesäit een den Dréck, doheem produzéiere mer och all Dag immens grouss Quantitéiten un Dreck, just do "verschwent" en an der Poubelle, mä dann ass de Problem awer net geléist ... och wan dat oft eis Definitioun vun Müllhandling ass ...
Weider well ech och net wëssen wat all Dag sou an eisen Supermarché'en ewechgehäit gëtt ... ech behaapten, dass dat am Verglach zu der Rock am Ring Saach hei nach ganz aner Quantitéiten sinn ...
Mä wéi gesot, ech fannen dat hei awer zimlech "dekadent" ... et kéint jo sou einfach sinn ...
Wann's de zu Remerschen laanscht den 'Badeweiher' um Parking gees, gesäit ët och nët vill besser aus ... oder ob der Kinneckswiss am Summer ... mech wonnert näicht méi ... kuck emol laanscht d'Autobuhnsoffahrten ...
Kennen daat, schaffen ann enger Schoul. Een Mobilehome haat do op dem Busarret fier Kanner, Sonndes Toilette eidel laafe gelooss! Brong,Weiss,Giel....
Mei Respektloos gedd ett net.
Hunn zwar eng foto gemeet mee ech mengen daat gett een REFUS wann ech se eroplueden.
Total Ruppeg, ech hun geduecht mam preisechen Pfandsystem wier dat do an den Greff ze kreien, weit gefeelt.
An 1 Woch dueno nach neicht gemach wonnert mech awer, den Bauer deen d'Wiss huet waert nach mat der Gemeng streiden well deen do Desaster net an der Abfindung mat dran as.
Nemmen sou niewebei, den Knuedler geseit net vill anescht aus nom Rock concert an Meyouzik Festival, dobei kennt den Service d'Hygiene all Daag um 6 auer moies botzen, idem Kinnekswiss.
Salut Fennec,
daat do ass nemmen een klengen Deel vum Camping, op aanneren Plaatzen gouf schon geraumt, do stoongen schon 6-7 Containeren voll vier fort... Ausserdeem woeren och fill Leid do am wullen (Strummerten) fier den Pfand ze sammelen. Ann daat ann Daitschland. Reich Leid/Aerem Leid....
Aarm/ Reich.
um SWR3 hun ech e Bericht heieren wou een an engem Daag baal 1000€ mecht, nemmen mat Pfand oprafen goen, an en huet e Blèck kritt fir keng Leichen aus dem Ausland matzehuelen. En huet och gemengt do wier nach vill mei drann, also Konkurenz wier elo nach keen Probleem.
Weini get et dann Pfand op Campingsstill, Baldachinen asw?
jo jorsch,
ann wann een bedenkt, dass daat jo anscheinend alles normal ass waat do geschiit, baal op all W.E. ann ganz Europa. Och esou ginn Arbeschtsplaatzen geschaafen fier daat alles ze botzen. Daat einzecht positivt dobai.