mir gefällt deng Foto un sech och gud, awer ech fannen d'Wolleken sou komesch an hirer Struktur, an beim Bouf sin do net e puer Fehler oder sin et Fisem vum scanen?
Et ass eng Struktur mat an de Panorama iwwerlagert, dofir déi "Feeler". Et sin en plus e Farflayer an een an negativ invertéierten S/W - Layer, déi "gemëscht" gi si, fir déi Farf ze kréien. Dat erklärt di "Schréipsen" beim Jong an och an de Wollécken. Dann hun ech nach, fir kënnen de Pano och uewe riicht ofzeschneiden, dat Stéck Himmel iwwert der Kirch rechts aus Stécker vum Himmel aus der lénkser Hallschent vun der Foto mam Clone-Stempel an dem Reparaturstempel erschaafen.
ganz extra...ewéi eng Toile...flott ! Ech ka mer virstellen, datt daat op Pabéier nawell och gudd ausgesäit.
PS: Hoffentlech berouegt sech d'Natur e bëssen do ënnen fir de Summer....soss verwackelen mir d'Fotoen nach wann ech do sin - bis esou wäit an de Süden vun der Toskana kommen ech awer wahrscheinlech nët...
Sou geologesch Phänomäner missten déch dach awer interesséieren, oder? Mais du hues Recht! Et ass net witzeg, wann de Buedem wackelt. A virun allem sin d'Fogen fir d'Leit duerno nach joerelaang ze spiiren.
Oh, do muss ech awer elo den Enseignant raushänke loossen, do kribbelt et mir awer ze vill an de Fanger, fir lo hei näischt ze soen...
Montepulciano, hei op deser Foto, ass eng Stad op engem Hiwwel an der südöstlécher Toscana, no bei der Grenz zu Umbrien an dem Lago Trasimeno. http://fr.wikipedia.org/wiki/Montepulciano
Montepulciano d'Abruzze ass den Numm vun engem Wäigebidd an den Abruzzen, wéi's du ganz richteg sees, mais dat huet näischt mat der Stad an der Toscana ze din, außer datt den Numm tselwécht ass.