Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Philastar

Philastar
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.05.2012
  • Gekuckt:
    4983
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    261 KB
  • Originaldatum:
    2012:05:13 21:44:43
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Sigma 10-20 mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=63708]
Kommentar vum Fotograf:
Virun e puer Deeg owes bei der Philharmonie.
Ech wollt s'eigentlech nët eroplueden wéinst der Phila-Iwwermiddégkeet hei op PG, mee ech weisen se dann awer emol
:-)
micky-maus 19.05.2012 - 15:15
Gudd dass Du dier daat aanscht iwerlued hues....
Sonn, Schied, Owesstemmung, I LIKE cool
Jean-Jos 20.05.2012 - 11:39
En décke Merci micky-maus.
Jeanny 19.05.2012 - 17:55
se ass och ganz gutt ginn Jean-Paul, schéin wei Sonn duerch Stäiler liicht
Jean-Jos 20.05.2012 - 11:39
THX Jeanny, jo d'Géigeluucht mat de Schieter, déi se geheit an de Stär, den durch déi zoue Blend entsteht, machen d'Bild fir mech intressant.
Metalbambi 20.05.2012 - 01:09
Virun allem gëtt et déi do Foto schonn:
shades & light in harmony (PM)
Jean-Jos 20.05.2012 - 11:35
Ech kennen dem John séng Fotoen selbstverständlech an ech fannen datt déi, déi's du verlinkt hues, grad wéi déi mueres fréih mat zu de beschte Phila-Biller hei um Site sin, awer fir mech ass säi Bild en anert.
Ech hat selwer 2008 schons d'Phila an däerer Stëmmung gewisen, hun déi Foto awer bei enger vu ménge Raumaktiounen geläscht. Ech hun se kuerz op mäi Flickr-account eropgelueden fir dir se ze weisen.
Et gëtt fir mech kee Grond, fir wat ech méng Foto nët sollt weisen.
Philharmonie in the evening
Metalbambi 20.05.2012 - 12:52
Ech mengen déi al gefält mir besser, mee dat läit haaptsächlech drun dat ech keen sou Sepia-Fan sinn.

Ech hunn u sech kee Problem dermat dat s de se weis, mee ech gesinn den Sënn net dran Biller ze weisen wou kloer kopéiert sinn. Mengen du kanns gutt genuch Fotoen maachen dat et net méi ëm den Léiereffekt geet wou een am Ufank huet wann een kopéiert well een d'Technik nach léieren muss. Wann dat bis setzt dann geet et méi drëms kreativ ze sinn, nei Saachen ze sichen oder nei Beräicher aus ze probéieren (an deenen s de nach net vill geschafft hues).
mischii 20.05.2012 - 13:11
wann ech lo gudd gesin hun ass dem JeanJos seng éischt Foto vun 2008 an dem focus seng vun 2009, ass am Fong logesch dass de focus copéiert huet oder nët?
Metalbambi 20.05.2012 - 17:35
Ok, hat net op d'Datumer gekuckt.
Jean-Jos 20.05.2012 - 13:14
Datt et keng Kopie ass hun ech der virdrun gewisen, méng éischt Fotoen an déi Richtung si méi al, awer dat ass onwesentlech.
D'Fotografie mécht mer Spaass an ech setzen dat wat ech kann do ëm, wou ech wëll.
'Discussion close' fir mech.
mischii 20.05.2012 - 11:02
eng herrlech Stëmmung,
fir mech Jean-Paul därfs de roueg weiderfueren, déi Iwwermiddegt kënnen se jo iwwersprangen
Jean-Jos 20.05.2012 - 11:36
Merci Michèle, ech si frouh datt se der gefällt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

"Sport ist Mord" . . .

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: jpcharl
Am Ganzen: 3687
keen Benotzer an 209 Gäscht online