Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bläuling

 
Bläuling
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.05.2012
  • Gekuckt:
    21987
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    349 KB
  • Originaldatum:
    2012:05:14 13:02:09
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8 Macro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=63617]
Kommentar vum Fotograf:
Héi ee Bläuling ob enger Blumm geknippst gëschter zu Remerschen .. mäin eischten Macro fir dëst Joër.
Zora 14.05.2012 - 15:28
Dem seng Flilléken lichten jo bal, immens!
Schluck 14.05.2012 - 15:43
Merci Joffer Zora, dat ass wëll se geblëtz ass ...
jorsch 14.05.2012 - 15:41
Di Blotéin vum Päiperlek sinn immens schéin!
A krabbelt do net nach iergend eng Flou uewen op der Blumm erëm?
Schluck 14.05.2012 - 15:45
Merci jorsch, jo hun ech och herno gesinn dass do nach een Onbedingt wollt matgeknippst ginn closed_eye

An och nach Congrats fir d'Wochenfoto, eng wonnerschein Landschaftsobnahm
Fennec 14.05.2012 - 16:47
Ganz scheine Macro, an deen eichten, bravo
Schluck 14.05.2012 - 18:30
Merci, den eichten fir dëst Joer
gi87 14.05.2012 - 17:29
Ganz flott Schluck, deen Gefällt mir smile Schein Farwen. Wees du ob schon Libellen do sin um Remerscher Weier ?
Schluck 14.05.2012 - 18:30
Merci Gianni, hei d'Aentwert ob deng Libellenfro:

Metamorphose
gi87 14.05.2012 - 20:44
Pffee..tongue
Schluck 14.05.2012 - 20:53
tongue
Silex 14.05.2012 - 19:01
Ganz extra Farwen! Schéin!
Schluck 15.05.2012 - 00:19
Merci Silex, freet mech
Shantideva 14.05.2012 - 22:09
Déi ass fir mech elo mol net den Hit. D'Blumm ass voll am Focus... den Pimpampel leider net. Ech weess dass den net laang poséiert... awer fir mech 5/10 (...eng Foto... soit)
Schluck 15.05.2012 - 00:11
Jo, stëmmt ass technesch villeicht nët perfekt, mir gefällt se, virun allem weinst denen flotten Foarwtéin.

Ass halt keen Gebéi wou nët fortleeft oder flitt, wou's de der kanns gudd Zäit huelen fir däin Bild ze analyséieren, dein Standpunkt wielen an dann ze fotographéieren an durno am PS veschaffs fir déi beschten Téinung hin ze kréien.

Dat dengen do wibbelt eben, an dass bei der geringer Distance deng Deiftenschärft minim ass an dass bei der geringster Bewegung een Deel aus dem Focus eraus ass brauch ech dir jo lo bestëmmt nët ze zielen.

D' Blend nach méi zou machen fir méi Déiftenschaerft ze kreien geet och nët wëll dann seift der den Hannergrond komplett of
Jeanny 15.05.2012 - 06:34
Stemmen dir voll zou Schluck, et ass guer net sou einfach, et ass eng Erausfuerderung an freet zur Natur, fir sou Fotoen ze realiséieren smile vill maachen dat och mat Hëllefsmëttel ( Spray, fänken an se kaal setzen usw ) jo, och dann huet een Zäit se ze fotograféieren, ass e mengen Aen Déierequälerei, an ech weess dass du an ech dat net maachensmile
Schluck 15.05.2012 - 10:10
Dann ass ët och nët méi dat selwescht wann een muss zu sou Mëttelen gréifen (ganz dovun offgesinn dass ech sou eng Déierequälerei verabscheuen) wëll dann hues de den Spass vun der 'Juegd' nët méi
Jeanny 15.05.2012 - 10:39
genee sou ass et smile
Shantideva 15.05.2012 - 17:46
Ginn dir Recht. All Stil vun Fotografie huet seng eegen Schwieregkeeten. D'Faarwen sinn och fir mech flott. Bei Insektenmacro gehéiert eben e bëssi Chance dobäi, an et muss een op Zack sinn, e bëssi wéi bei Street och. Awer ech hunn schonn vill besseres vun dir gesinn. Bei der heiten Foto ass den Bléckwénkel net ganz glécklech an dofir stécht d'Blumm méi eraus. closed_eye ...wor net schlecht gemengt, awer genau well d'Insekten wibbelen ass et jo eng Erausfuerderung an eng Saach déi mat Chance ze dinn huet.
Schluck 15.05.2012 - 18:05
Wat mech perseinlech bei dengem Kommentar gestéiert huet ass déi Saach mat der Bewertung, wëll éierlech gesoot, ech lueden héi keng Biller rop fir an engem Concours matzemachen, mais wëll ech Spass hun Fotoën ze machen ...

Kloer sinn ech ëmmer frou wann een mer seet wat ech kann besser machen, mais en Bewertung ass jo lo wierlech keng konstruktiv Kritik.

Ech fokuséieren normalerweis ëmmer ob d'Aen an do ass bei der héi lo eben d'Blumm och scharf .
Shantideva 15.05.2012 - 18:20
Mat der Bewäertung hunn ech wollten soen dass se an der Flut vun Macrofotoen déi iwwert den Summer sou kommen net eraus gierf stiechen. Ech hätt och 1/2 kéinten schreiwen. Also, als Foto fir mech an der Moyenne wou ech awer besseres vun dir kennen. Gëschter hat ech mol erëm Loscht e puer Kritiken ze schreiwen an ech luewen eben och net wann et net dat ass wat ech éierlech denken. Néischt fir ongutt. smile
Schluck 15.05.2012 - 18:28
Oh mam nee, lee déi Kapp an Rouh ... du als Kritiker solls och mol heinsdo Kritik kréien tongue

Wéi een Summer meng's de deen vum naechsten Joër ?

Ët wier schein wann's de mol rëm méi oft géifs Kommentarer schréiwwen, hat gesinn dass de dech gëschter ee bëssen ausgetobt hues.
Shantideva 15.05.2012 - 18:51
Jo, den Summer den elo um Kommen ass. Do gëtt et jo erëm bestëmmt vill ze gesinn an Saachen Makro. Hunn grad gesinn dass et däin éischten Makro fir dëst Joer ass. smile Mam Motofueren soll een jo och lues ufänken am Summer... bigsmile
Ech hat mech gëschter wierklech mol erëm e bëssi ausgetobt. Et waren vill interessant Fotoen online an et huet mol erëm Spaass gemeet eppes ze schreiwen. Ech mengen den Sonnegen Week-End huet eis alleguerten een klengen Schuub ginn fir Fotoen ze maachen. Ech war op Ënsber wanderen an hat awer leider meng Knips net dobäi wat ech awer extrem bedaueren. Also hunn ech mech missten zefridden ginn fir ze gesinn wat déi aner Leit sou schéins gemeet hunn. smile
Schluck 15.05.2012 - 18:55
Hehehe ... jo sou ass ët, woar mol rëm fir sech warmzeschéissen ... Hun lo mëttlerweil ëmmer ob mannst d'S100 dobéi, d'läscht keier hat ech keng dobéi an do stung ee Wëldschwein ob 5m an ass mol nët direkt fortgelaaf .. ech hät mech kënne ...

Den Stau ass och ëmmer schéin, schued dass de deng Knipps nët mat hass
Jacques 15.05.2012 - 05:25
Ech perséinlech fannen et flott dass den Pimpampel net voll am Focus ass.
Eng ganz gelongen Foto, zumools mat den Foarwen!
Schluck 15.05.2012 - 11:08
Merci Jacques, mech och nët ... den Bereich wou zielt ass scharf
Jeanny 15.05.2012 - 06:24
jo de Blëtz mécht schonn s vill aus, herrlech Faarwen a ganz flotte Makro Schluck, hunn och schonn s een erwescht fit dest Joer, awer nach net nogekuckt, hunn de Moment vill em Oueren smile
Schluck 15.05.2012 - 11:10
Jo, ech hun déi selwescht och ouni Blëtz an do ass déi riets Säit ganz déischter an och déi Blo Foarw kënnt bei weitem nët sou gudd eraus. Mir geet ët d'selwescht, nach vill am Haus ze dinn an wann een dann eng kéier Zäit huet spillt den Péitruss nët mat
Nathalie 22.05.2012 - 20:27
Also mier gefällt Foto ganz gud, immens schein Fuerwen an och en flotten detail do wou en sollclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 468 Gäscht online