Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Huereil

 
Huereil
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.05.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.05.2012
  • Gekuckt:
    5019
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    327 KB
  • Originaldatum:
    2012:05:09 21:02:17
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 70-300mm IS
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=63554]
Kommentar vum Fotograf:
Eng jonk Huereil, op däitsch Waldohreule, op laténgësch Asio Otus, a schlussendlech op franséisch hibou moyen-duc; haut den Owend fotograféiert.
Si ass leider durech d'Äescht eng Grimmel verstoppt, awer si hat mech fest am Bléck...
gi87 09.05.2012 - 21:14
Sin esou lang op da sich jemols eng en Live ze gesin dobaussen, awa nach nie chance gehat.. Top Foto !
Charly_Ente 09.05.2012 - 22:11
e klengen tipp wanns de sichs:
se schlofen gäer an Noolenbestänn
fier se ze fannen muss de einfa op eng ganz wichteg saach oppassen an dat ass den schissi vun hinnen closed_eye
e Baam wou se drop schloofen ass emer ugeschass
d.h du muss einfach duerch den bestand treppelen an um bueden kuken wou verstärkt weiß flecken sin.
wanns de dat fonnt hues, muss de just rop kuken an dann mist en normalerweis uefen an der Kroun beim Stamm ze fannen sin smile
Jean-Jos 10.05.2012 - 21:45
En décke Merci Gianni, ech hoffen se nach méi fräi ze gesin a fotograféieren ze kënnen. Dem Charly-Ente säin Tip ass top, zimmlech esou spillt et sech oof.
Charly_Ente 10.05.2012 - 21:59
se sin 'theoretsch' ganz einfach ze fannen, wann een wees wei smile
hun mech selwer nach net amüseiert gehaat, hun dat awer nach welles smile
gi87 12.05.2012 - 18:39
Merci Charly_Ente vir den Tip, probeieren mol e bessen mei genau dann ze sichen smile Kenns du e ybësch wou sech da vill ophalen hei zu Lëtzebeurg oder gin Eilen emmer mei rar an onsere Bescher ?
Charly_Ente 12.05.2012 - 19:26
kann da do leider net helefen :-/ hat bis lo leider nach keng zäit fier mech opt sich ze man an wees net wei et mam Eilenbestand hei am Land ass.. kann dat awer ganz einfach nofroen smile
mee theoretsch fenns de da iwwerall an den Bescher (muss just bessi sichen).. ech mengen awer dass de am mellerdall am meechten Erfoleg keins hun - et gin vill Höhlen do an mat ganz vill gleck keins de suguer en Uhu gesin ;)
ganz gäer gin awer och open Scheieren oda Aussichtstierm benotz (do muss de kuken op se de hier Speiballen fenns)

Helefen emmer rem gäer smile wees io bessi eppes an gin dat gäer weider cool
gi87 12.05.2012 - 19:33
Merci gesot smile
Charly_Ente 09.05.2012 - 21:45
woah flott erwescht awer nach closed_eye gefällt ma smile
hoffen dass ech och mol engkeier eng firun den Apparat krein smile
Jean-Jos 10.05.2012 - 21:48
THX Charly_Ente, ech weess elo mol wou eng Koppel mat hiire Jonke sëtzt an hoffen si nach e bëssen am Aen behalen ze kënnen.
Charly_Ente 10.05.2012 - 22:02
maa dann profiteier smile
Jeanny 10.05.2012 - 06:40
verstoppt, an dach erbléckt, do freet en sech,
ganz gutt hues du se fotograféiert Schäerft leit wonnerbar op hire Guckelcher
Jean-Jos 10.05.2012 - 21:54
Merci Jeanny, d'Madame hun ech och an der Këscht, do war d'Luucht allerdéngs nët esou gutt, dofir hun ech déi nach nët gewisen, kënnt nach vläicht, wann ech se besser erwëschen.
Jo de Focuspunkt ass wichtég, mee eis Fotoapparater hëllefen eis jo dobei zimmlech gutt.
NikonD80 10.05.2012 - 08:17
schéin duerch d'Äscht fotograféiert, gefält mir
ech héieren se owes wann ech mat den Hënn ënnerwee sinn, mä se ze gesinn ass eng aner Saach
has du dru geduecht fir villäicht méi opzeblenden...?
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:03
Merci NikonD80, du hues ganz Recht, et stéiert mech och; ech hun der och e puer mat Blend 5,6 allerdéngs ass dobei denen zoufälleg ëmmer en Aascht (durech d'Loft), den topech an d'Bild kënnt.
Ech hun bei enger Reih Biller Blend 8 gewielt, wëll ech d'Madame den Daag virdru hu misse wéinst der Luucht mat gréisst oppener Blend fotograféieren an do waren d'Oueren an de Pelz op der Säit scho liicht onschaarf. Wie dem auch sei, ech kréie se bestëmmt nach emol virun d'Lëns, an da gët eng nei Serie gemacht smile
Maxx 10.05.2012 - 08:28
Genial wéi se kuckt, d'Äscht ronderem wéi eng natiirlech Rumm.
Sou eng heut mol bei eis ennert dem Daach gewunnt smile , bis mer en frësch gemeet hunn unhappy
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:05
Merci Maxx, beim Haus wéilt ech se nët hun, wëll si hannerloossen vill 'schissi', wéi de Charly_Ente schons ënne beschriwwen huet.
Maxx 11.05.2012 - 13:05
An och Gewölle bigsmile Sou ass se besser kadréiert ewéi virdrunn.
Jacques 10.05.2012 - 09:56
Waat eng chance!smile
Herrlech d'Bild!
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:05
Merci Jacques.
Zodiac 10.05.2012 - 10:00
Dass du se duerch d'äscht vum Baam fotographéiert hues stéiert awer guer net, fannen dass du doduerch eng gudd Rumm ronderem dein Sujet kritt hues.
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:05
Merci Zodiac, jo esou kann een et och gesin.
Zodiac 11.05.2012 - 10:24
Gin dem gtaddei1 rescht wann ech elo Resultat gesin.
gtaddei1 10.05.2012 - 12:54
Ekzellent ... an mei ewei daat wann et am Carré wier
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:08
En décke Merci Gennaro, ech hat dru geduecht, hu mech dun awer dergéint entscheed, wëll de Kiirper vun der Eil vill méi déif erog geet, wéi een och esou vague gesäit; awer dat hätt och vläicht guer kee gestéiert an d'Bild géif am Carré effektiv méi harmonësch wierken.
Jean-Jos 11.05.2012 - 18:36
Ech hun se de Moien mol am Carré eropgelueden an et ass vill besser, och wann ee nët alles vun hiir gesäit.
gtaddei1 12.05.2012 - 14:34
Fanen ech och...
gi87 13.05.2012 - 05:49
Am Carré asse wiekt se elo vill Besser, flott !
jorsch 10.05.2012 - 21:22
Eng super Foto! Datt se e bëssen duerch d'Äscht opgeholl ass stéiert mech och net, et wierkt esouguer doduerch méi naturno!
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:09
Merci jorsch!
Maimonides 10.05.2012 - 21:42
"Durech d'Äescht", Jean-Jos,
ass vill besser
wéi durech Gitteren.

Super Foto,
an d'A ass de Clou.
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:12
Merci villmols Maimonides, ech gin der Recht smile
D'Aenpartien hun ech substantiell ophelle missen, fir datt se gutt erauskënnt.
micky-maus 10.05.2012 - 22:12
Herrlech dei dooten! Esou eng kruut ech mol net am Zoo hinn!! closed_eye
Jean-Jos 10.05.2012 - 22:13
Merci Micky-Maus, dat goung awer och nëmmen dank 300mm smile
Carol 23.08.2012 - 14:33
Wonnerschéi Faarwen!!
Jean-Jos 27.08.2012 - 23:26
Villmols Merci Carol !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Erdmännchen II

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: jaro
Am Ganzen: 3682
keen Benotzer an 180 Gäscht online