1) als Sujet ganz flott, leider fehlt d'Schärft am Gesiicht, du hues nogeschärft wat hei awer ze vill ass,
2) wierklech witzeg, wei de Bebe mat der Kamera koketteiert,
3) gefällt mer mat Ofstand am Beschten. Ganz flott Compo an Cadrage.
Villäicht hätt en em Enna säi Gesicht e besi mei hell kinte man, mais dat ass eng affaire de gout.
Eng flott Iddi mat dem wäissen Duch um wäissen Hannergrond.
Ech giff soen fir dein 1. Portrait ass dat schons ganz gudd!
Merci fir d'Zait deis du dir geholl hues an deng eierlech Kritik
Bei der 1. hun ech effektiv nogeschärtft well d'Enna vill gewibelt haat an ech de Focus net richtech gesaat hun.
Mam ophellen vum Gesicht haat ech mir och geduecht mee hun et herno sin geloss well et zevill blatzech ausgesin huet
well dat do einfach besser passt. et gesäit ee vill highpass portrait'en. mee all effekt/technik seet numol iergendeppes aus. bei deem highpass effekt (du hues en zwar och nemmen e bessen ugewend) kommen immens vill gesiichtskonturen zur geltung. all "fehler" an der haut get méi däitlech, an et gesäit alles méi graff aus. also méi graff wéi op enger onverschaffter foto. an dee moment muss de dech froen ob dat bei e bebe passt. ech fannen et passt net, vu dass bebe'en einfach perfekt sin, a virun allem hier haut ech giff nach éiechter eng technik wéi e weechzeechner uwenden dee genau dat verstäerkt.
soss so mer eifnach firwat dass du fonnt hues den highpass effekt wier bei dëser serie vu fotoe passend?
Ok merci lo hun ech verstan waats Du mengs. Ech hun un sech den D&B op dëser serie ugewand well ech graad am gang war dei Technik am PS ze leieren war also net onbedingt sou dass ech se mei passend fond hun mée fir se ze üben an haat mir effektiv lo d'Fro net gestallt ob et passt Merci fir deng Erklärung.