Fir 7 Wochen huet daat Kand schon een immensen Gesiichtsausdrock! Ët gesäit schon méi aal aus, mee daat ass och eben graad duerch deen Ausdrock bedingt.
Hei hues du genau een richtegen Moment vun sénger Mimik erwëscht. Deen Bléck, deen kann op esou vill Manéieren interpretéiert gin (dreemerësch, nodenklech, ... mee villäicht ganz ganz einfach och nëmmen schléiferesch)!
An deen Mondwénkel, ass einfach zevill! Einfach passend zum Bléck!
An béides zesummen, fir ze schmëlzen!
Zur Foto: mir gefällt déi gewëssen Deels-Onschärft hei ganz gudd, an déi gro Téin esou wéi och den Cadrage (fënd een nët esou oft, een Portrait deen lénks cadréiert ass)