Eng léif Serie, ech denken du hues de Model gutt an Zeen gesat. E puer Iddien: bei der éischter ass vill Gewulls am Hannergrond, déi Äscht lenken of. An der zweeter ass mir zevill Kontrast drann - vläicht geet et och duer se e bëssen of ze däischteren. An der drëtter stéiere mech déi iwwerbeliicht Blummen. Déi véiert gefält mer ganz gutt. Déi ass einfach an effektiv. Do kanns de déi Gréng Téin nach e bësse méi staark saturéieren.
Sin mat dir d'accord... et ass e bessi ewei an der Litteratur... et daerf én ereicht falsch schreiwen wann én bewisen huet dass én d'Sprooch , Syntax, asw beherscht...
Domaden well ech soen dass des Serie super douce ass , mé et ass net gewollt , ... haett de Gloda (oder anerer... ) des eropgelueden dann haett ech mir gedanken gemét ... iwert seng technik,,, bei dir , den ech net kennen , hun ech dann mei d'Tendenz ze soen et dass ewei de Gloda soot ... Mé d'Recherche ass do
Dee Vergleich mat der Litteratur gefaellt mer. Et woar och tatsaechlech dei eischte Keier, dass ech mat engem Model geschafft hun, vun dohir sin do secherlech Saachen, dei aerch als erfahren Fotografen opfalen an dei vun menger Seit net onbdingt gewollt sin (obwuel ech mer generell schon Gedanken gemaach hun). Mee dofir huelen ech den Feedback an d'Kritik vun besseren Fotografen natiirlech gaer un, et kann mech nemmen weiderbrengen.
De model huet effectivement daat ! GEsiit fir gekippst ze ginn... Elo waat ech dir soen kenn... fir et no menger Meenung besser ze maachen fannen ech net esou wichtesch... ech mengen et ass un dir de Wee ze fannen fir net banal an villeicht innovativ ze sinn