Den Originaldia war éischter blatzeg... wannsde da probéiers d'Farwen ë bëssen opzepäpelen, da kënnt esou ëpes derbäi eraus...
À propos, wéi bass de mat der K5 zefridden? Déi beschten digital Pentax déi jemols gebaut gin ass, allez, waat soen ech, déi beschten APS DSLR iwerhaat...
Ech sin super zerfridden mat der K5, ech hun och d'Kx wou ech schons ganz zefridden wor virun allem am High-Iso-Beréich, mee bei der K5 deet sech eng aaner Welt op. Nuren am High-Iso-Beréich (ab 1600) hun ech eng éischt Impressioun dass d'Kx nach besser ass, ech hun awer nach keng ausféierlech Erfahrungen mat der K5 do gemach wëll ech se nach net esou laang hun. Mol kucken
Daat läit an der Natur vun der Saach. Wann ech mech richteg errënneren ass d'K-x eng 10 Mp Kamera an d'K5 eng 16 Mp. Manner Pixelen op der gläicher Sensorfläch = méi grouss eenzel Photositen = manner Rauschen...
Jo richteg d'Kx huet 12 MP, daat schéint mir och d'Ursach ze sin, obschons K5 an den Tester allgemeng am Rauschen jo awer super ofschneid an besser wéi Kx. Mee bon Testberichter sin eben méi Theorie am Labo, waat zielt ass d'Leeschtung um Terrain, an do ass et bei mir nach den Moment ze fréi fir eng Conclusioun ze zéien
Merci bien Gennaro, obschons ech dir fotografesch, an och wahrscheinlech soss gesin, d'Waasser nët reeche kann... si si, sans blague, do brauch é just deng Galerie ze kucken!
nee, bâtiments publics, wollt emmer mol esou en freier/haut Dossier vun der Staat oder dem Ländchen machen, mais niiiiiieee Zeit dofier, mais sammelen mol alles waat ech fannen.