Ee Concert vun lëschten Freiden zu Belgrad, am Dom Omladine...ech hu versicht, bëssen mat de Luuchten ze spillen, si gespaant, wat dir dozou ze soen hudd :-)
D'Iddi ass cool, mee d'Ëmsetzung nach ausbaufäheg.
Bei der éischter ass et zimlech gutt ginn, schued dat en net an d'Kamera kuckt, mee dat ass oft just eng Saach vun Gléck. Bei der 2ter stéiert mech (perséinlech) dat de vun vir dran geflasht hues, oder wéi déi hell Luucht do op den Äerm komm ass, ass awer adg, soss fonctionnéiert déi vir mech awer och zimlech gutt.
3 ass sou lala, cool Situatioun, mee mengen méi en enken Cadrage géif besser maachen, an leider ass se net schäerf genuch.
4t fannen ech net gutt, gesäit sou aus wéi wann en eng Bier op d'Stir gepécht hätt.
Froen mech op se net méi Stëmmung kréien wann s de se faarweg léiss an der Luucht eng Téinung gëss?