Flott Iddi. D'Serie gefält mer gutt, d'Stëmmung passt iergendwéi bei dës méi sober Spiller. Just déi 4. dant aus der Rei, ech fannen den Out-of-bounds Effekt onpassend. An der Mëtt ass bei der schwaarzer Figur och e Problem mat der Bildqualitéit, do "frësst" sech purt Schwaarz duerch d'Bild.
Titel: *Tabletop net Tabeltop
bei tabletop opnahmen muss du onwarschein op d'schieder oppassen déi duerch deng luuchtsetzung faalen. bei denger haaptphoto (domino) hues du z.b. deng leschten steng (déi ganz riets) déi liicht ofsaufen duerch den schlagschatten vun den steng niervendrun.
nach en klengen rotschlo vun mir ... kuck emmer dass dein tabletop impeccable ausgesait ... produktphotographie ass minimalismus-geschiir d.h. dat heiten ass meckeren op engem "héijen" niveau. deng luuchtsetzung ass gudd gemeet, ech gin dir just nach en klengen tuyau dobai z.b. haess du kennen déi riets steng duerch en reflektor liicht ophellen. bei esou opnahmen ass et z.b. och interessant eng plexiglas (propper!!)-plaque ennert d'steng ze setzen fir bewosst mat den spiegelungen vun den dominoen ze spillen.
Wann alles propper wier (d'Luucht, den Dësch, d'Steng) krit d'Jeanny e Bild wat vläit méi professionell wierkt mä fir mech hätt déi hei Serie dobäi e bëssen u Charme verluer.
fir des Fotoen, war et de minimum wat et kann hunn,
en Dësch, groe Pabeier, de Fotoapparat an Stativ, (keng Luucht, kee Blëtz a keng Glasplack) an de Rescht hunn ech am PS verschafft, mir hunn se esou gefall
Soe villmools Merci fir däin Tipp Tom, wäert et och mol esou probéieren, Luuchten an de Rescht hunn ech jo