Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Queen Mary II

 
Queen Mary II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.11.2011
  • Gekuckt:
    41316
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    592 KB
  • Originaldatum:
    2011:11:09 17:43:59
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60244]
Kommentar vum Fotograf:
Gesin am Hafen vun Hamburg
gloda 13.11.2011 - 17:12
Genial dass de den Bateau-mouche* mat um Bild hues fir eng Iddi vun der Gréisst vun der Queen Mary ze ginn. Als Doku Foto ass déi do gutt geroden, an fir d'Fortgbewegungskategorie ass et och eng flott Beräicherung.
(* Nennt een dat esou?)
Zodiac 14.11.2011 - 07:48
Se hätt effektiv och gudd an d'Rubrik Dokumentatioun gepasst. Ech war mer och net richteg secher ob dei an d'Fortbewegungskategorie passt, mee hun geduecht, well jo awer vill leit domader eng Rees kennen maachen wär dat mol net ganz falsch smile
Magic 13.11.2011 - 17:17
Super Foto Zodiac zemols mat dem klenge Boot virdrun, ët as wirklech ee Wahnsinns-Schëff.closed_eye
Zodiac 14.11.2011 - 07:48
Jo et ass schon impressionant. smile
Houll-art 13.11.2011 - 18:50
Sin elo e bessi duercherneen wéi eng Queen Mary 2 daat hei ass. Déi aal läit zu Los Angeles vir ëmmer fest verankert, an ass als Hotel ëmmgebaut. Hun se virun ca. engem Mount mat eegenen Aan gesinn, (a fotograféiert) smile
Da muss dest een neit Schëff sinn waat dselwecht heescht.
Vun der gréisst hir kennt et op dest eraus.
Flott prise de vue, an de verglach mat deem klengen ass interessant a gett der Foto nach zousätzlechen Hingucker.
Zodiac 14.11.2011 - 07:53
Tjo esou ass dat. Do geseit een dass et nemmen em den Marketing geht. Sie wollten den Numm benotzen fir leit unzezeien smile Mee hun gelies dass et schon 2 Queen Mary'en gouf. Eent dovun ass dat wous du als Hotel gesin hues zu L.A. an dat annert soll nach mei aal sin an et war een Kriichsscheff. Dann hätten mer hei jo eigentlech schon queen Mary 3 closed_eye
mischii 13.11.2011 - 19:02
Duerch dat Boot vun der Hafenrundfahrt, huet een hei en immensen Vergläich vun der Gréisst vun der Queen Mary
Bravo
Zodiac 14.11.2011 - 07:45
Merci gesot smile
Zora 13.11.2011 - 19:33
Gigantesch Foto, hues den richtegen Moment ofgewuart, well ouni daat klengt Boot/Scheff wär et nemmen een grousst Scheff, tip top
Zodiac 14.11.2011 - 07:45
Hat der mengen ech 10 steck gemach, mee hei war dei intressantesten och vun der Perpektiv hier. Mär waren an engem groussen Bou ronderem gefuer. Mee dono ass et laanscht eis gefuer, an et ass schon impressionant wann esou een grousst Scheff lanscht fiert an wanns een geseit wei schnell et eigentlech nach ass.
Jeanny 13.11.2011 - 20:27
e Ries, an en Zwerg, wonnerbar festgehaalen
Zodiac 14.11.2011 - 07:42
Merci, et freet mech wann se gefällt. jo den ennerscheed zweschen denen 2 ass wirklech immens grouss closed_eye
spackelter 14.11.2011 - 19:42
En imposant Schëff.
Met dem klengen Touristeboot derniewt brengs du d'Greisst ganz flott eriwer.
Zodiac 15.11.2011 - 07:34
jo et war chance dass dat och grat do gefuer koum, wär mär lansch gefuer sin smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 673 Gäscht online