Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

nom Routkäppchen ...

 
nom Routkäppchen ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.11.2011
  • Gekuckt:
    12241
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    23 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33 EV
  • Gréisst:
    1000x664
  • Späicherplaz:
    642 KB
  • Originaldatum:
    2011:11:11 19:56:17
  • Fotoapparat:
    FinePix X100
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60210]
Kommentar vum Fotograf:
... war ech sichen, hunn et awer net fonnt.
Zora 11.11.2011 - 20:04
An hues vun lauter Beem keen Besch mei gesin, schein schaureg Stemmung, erennert een un Blair Witch Projectsmile
suraki 11.11.2011 - 20:27
wei wéi kann en do an de Bësch era goen Zora ? *g*
Zora 11.11.2011 - 20:29
??? Sin midd, hun Kapp wéi an stin ob der Leitung, hellefsmile
suraki 11.11.2011 - 20:30
... bis an d'Mëtt, ... dono geet en eraus closed_eye
Zora 11.11.2011 - 20:32
Ach so, jo kloersmile
Pixelman 11.11.2011 - 20:14
eng gruselesch Stëmmung gut duergestallt Ed.
suraki 11.11.2011 - 20:27
jo ? ... nööö smile))
jorsch 11.11.2011 - 21:52
D'Routkätonguepchen ass an engem Dännebësch! smile

Mir gefält d'Foto, well se d'Stëmmung vun de leschten Deeg ganz realistesch erëm gëtt, ouni ze beschéinegen!
suraki 12.11.2011 - 08:55
nach ech mech elo esou un meng Kandheet erënneren, jo de Bësch war méi pickeg bigsmile
D'Stëmmung an dem Ament war effektiv genau esou smile
JohnJ 11.11.2011 - 23:50
Wanns de all keiers em hallechent weider gees weini bass du dann an der Mett?
suraki 12.11.2011 - 08:52
du provozéiertes hei eng Kärspaltung John bigsmile
gtaddei1 12.11.2011 - 01:15
D'Stemmung ass perfekt.. an daat mamm Rotkaeppfchen ass gut gesot
suraki 12.11.2011 - 08:52
merci Gennaro smile)
Maimonides 12.11.2011 - 14:52
http://www.youtube.com/watch?v=Ua2HPQUKJao

...an déi do Ed,
ass, esou just, net S/W.

Diskret schéin.
A wéi !!
suraki 13.11.2011 - 19:25
merci Charel, .. och fir de Link smile
Maxx 12.11.2011 - 15:43
Et stoung bestemmt hannert der, dann konns d'et jo net gesinn bigsmile Super Atmosphere am Bild, gefällt.
suraki 13.11.2011 - 19:26
Merci gesot smile
JADE 12.11.2011 - 17:00
oh ben, par les temps qui courent, geet och keen Rotkätonguepchen méi virun d'Dier ...
mee kuckt léiwer twilight fir déi 47.Kéier, nodeems hatt (awer) der Groussmamm eng Pizza liweren gelooss huet smile

e bessi méi däischter an dann wier effektiv nach méi déi Rotkätonguepchen-ech-wëll-menger-Boma-Kichelcher-bréngen-mee-ech-faerten-fir-an-den-Bësch Stëmmung eriwer smile
esou kënnt bei mir déi richteg mies an fiicht November Ambiance eriwer
mais c'est pas plus mal, te dirais-je
suraki 13.11.2011 - 19:33
hei d'Jade, ... merci gesot smile
d'nächste Kéier ginn ech, wann et net esou niwweleg ass, mat engem geflätschten Kierfchen ... eng rout karéiert Napp iwwert de gepléckte Champignonen leien, no der Boma kucken. Se huet fléit gebak smile
... an ech hoffe net de Wollef do am Bett unzetreffen bigsmile


JADE 13.11.2011 - 19:53
hrhrrrhhrrrrr ... daat wéilt ech schon gesin bigsmile
marker 12.11.2011 - 18:12
..vu kloer am ''premier plan'' bis dréif am Hannergrond durch den Niwwel, an alles schéin dezent an der Faarw.., ..an daat gefällt mir ganz gutt..!!
suraki 13.11.2011 - 19:34
an och hei en decke merci gesot !
Jeanny 13.11.2011 - 07:12
du wars am falsche Besch Edy, dem ass et do ze kaal smile
eng ganz flott Stemmung festgehalen
suraki 13.11.2011 - 19:34
merci Jeanny smile
mischii 13.11.2011 - 16:23
d'Liicht versicht sech duerch den Niwwel ze kämpfen, eng mysteriéis awer ganz schéi Stëmmung
an de Wollef huet Dech jo och net gefriess!
suraki 13.11.2011 - 19:35
Michèle, thx closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 654 Gäscht online