Dëst ass eng Foto déi zwar schonn e bëssen méi al ass, me hu se nie erop gelueden gehat, obwuel ech se net sou schlecht fannen. Fir weider Kritiken wir ech natierlech extrem frou :)
haett vleit keinten zB Camera nach e bessen no uewen hin hiewen/kucken, bis Limit vum eneschten Rand bei den eischten Beem waer, vir vleit mei vum Riesenraad zegesin !? Bon fannen den Buedem vir awa dann och erem schein beliecht...
Ok, merci fir deng Meenung. Perséinlech fannen ech déi s/w net esou gutt well et ënnen zevill ausgesäit wéi ofgeschnidden, d'Bild hällt net propper op, an dat stéiert mech do eben.
Dei am sw as eichter den klassechen Style, dei hei gefällt mer duerch Symetrie dei dran as, an et erkennt een den Sujet net direkt waat ech gud fannen. Wanns de lenks an riets d'Persounen geif's weg machen, geif Foto nach besser op een anwierken, well se mei roueg dann as, am geigensatz brengen Persounen der och Dynamik mat ran, dat as wei een et wellt.
Dat mat de Persounen stéiert mech perséinlech och, ginn der do also Recht, mä sinn net gutt genuch am PS fir dat hinzekréien, an wëll sou Saachen och eigentlech éischter ongäer sou staark verännere goen.
Wann ech bis et wees dann riskeieren ech eng risesch dommheet ze maachen!
Villeicht? Meng 1d fir eng 1dx ze tauschen? Na ja! Awer net meng 5D
18 mio pixelen am fullformat ... 1 enzesch kamera fir sport an fir aaner saachen? Ass et der waert? Wann d 5 D e bessi besseren autofokus bei donkelen konsitionen haett....
Alles nemmen en diskour vun konsummisten? Oder ?
Allez genuch gedreemt... D fotoen gin dofir net besser!