Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

um Weiher

 
um Weiher
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.10.2011
  • Gekuckt:
    23757
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x603
  • Späicherplaz:
    683 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Samsung EX1
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59849]
Kommentar vum Fotograf:
...
Maimonides 26.10.2011 - 21:18
Déi konzentresch Wellen
am Waasser
weisen
dass dës net "statesch" ass.
closed_eye

Super Foto, galileo.
galileo 27.10.2011 - 16:42
Merci Maimonides. A wéi ëmmer hues du ganz am Detail gekuckt...
jorsch 26.10.2011 - 21:26
Gefält mir ganz gutt: D'Faarwen, den Opbau awer besonnesch d'Spigelung, déi de Bléck op eng zweet, méi verschwommen an dofir méi geheimnisvoll Vue opmécht!
galileo 27.10.2011 - 16:43
Merci jorsch, ech hun och extra op déi Spiggelung do opgepasst closed_eye
VeloBen 26.10.2011 - 22:00
Daat Blaat gesait esou onaatirlech grouss aus. Mee daat mescht dein Bild nees interessant. Flott Perspektive !
galileo 27.10.2011 - 16:45
Wäitwénkel ganz no drun - déi Kombi mécht d'Blaat esou rieseg...
Merci !
VeloBen 29.10.2011 - 13:39
ah ok ! an wéivill mm ass daat ?
galileo 29.10.2011 - 21:17
24mm, mee doduerch datt ech méi no kann erugoën ( - 5 cm) wéi mat enger Spiggelreflex, wierkt daat anescht.
gloda 26.10.2011 - 22:37
Cool. D'Blat kënnt duerch den Faarfkontrast gutt eraus. D'Dräierregel hëlleft do och nach eemol mat den Bléck ze guidéieren. Schued dass déi gréng Blieder net dat ganzt Bild anhuelen, dann wier d'Foto méi homogen.
D'Blat schéngt mer liicht iwwerbeliicht, awer et ass net schlëmm.
galileo 27.10.2011 - 16:47
Merci gloda.
Also ech fannen grad déi diagonal Opdeelung vu gréng/nët gréng hei interessant, doduerch datt d'Spiggelung um Waasser erauskënnt. Mee och esou wéi's du et beschréiws wier et eng interessant Foto....do hätt ech missten d'Blaat réckelen, an da wier ech dragefall bigsmile
Ech kann um Raw sécher nach d'Blaat e bëssen zréckhuelen...
Maimonides 27.10.2011 - 20:46
Den Schnëttpunkt vun deenen 3 (dräi) Diagonalen ass:
- entweder um Buedem vum Weier, oder,
- am gespigelten Himmel.

plus/minus!

Och dat gefält mir, galileo.
Jeanny 27.10.2011 - 06:27
ganz flott Idee, Ëmsetzung an herrlech Faarwen
galileo 27.10.2011 - 16:47
Merci Jeanny.
Silex 27.10.2011 - 07:27
Ganz flott! Ongewinnten Perspektiv a vill ze kucken: Blat, Wasser, Relexioun.
galileo 27.10.2011 - 16:49
Merci Silex, heiansdo mat der Compacter "knipsen" bréngt och eppes....esou hätt ech d'Perspektive nämlech nët hikritt mat mengem "richtegen" Apparat closed_eye
mmphotos 27.10.2011 - 12:12
Eng flott Foto. Et gefält mer dass een dei Detailer huet, d'Blat an dei kleng Planzen, an awer déi grouss Beem an der Spigelung och gesäit. Ech hätt just fléit uewen een halwen cm oder 1 cm oofgeschnidden fier dass dei greng Plantzen bis ganz un den Bord gin. Hei kritt een d'Gefill dass den Weier do obhällt, aancht kriit een mei d'Impressioun wei wann et nach geif weit weidergoen mat deem grengen Teppesch.
galileo 27.10.2011 - 16:51
Merci fir deng Analyse !
Ech hu scho liicht geschnëtonguepelt uewen...haat och deng Propose schon probéiert - daat ass effektiv och eng Méiglechkeet.
gi87 28.10.2011 - 11:28
Einfach an awa esou elegant a flott. gefällt ma perseinlech immens Gud!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 448 Gäscht online