Am Prinzip gefale mir di do Cadragen richteg gutt: "randcadréiert".
Du hues deng Foto "rotterdam - port" genannt.
Zu engem Hafen gehéiert awer och Waasser / Mier.
An dat fehlt mir hei, christophebraun.
merci fir deng kritik
ech sin awer der meenung dat eng foto net emmer daat muss weisen waat een sech vun der foto erwaart
wann ech och d mier ob der foto gehaat hät, dann hät ech se wahrscheinlech net hei eropgelueden, well ech se dann mei banal fonnt hät.
as awer wei sou villes eng affaire de gout
sorry mee ech mengen mech perseinlech geing daat steieren wann ech mer daat sou virstellen
mee wei gesot eng affaire de gout
ech kann awer och leider lo keen mier dohin zauberen fir ze verglaichen
dei do hun ech nach net gesin hei um site
gefällt mer awer ganz gudd
ech wollt mat menger foto awer eppes aanescht probeieren
all foto as eben aanescht
Desto besser wann all Foto anescht ass, well soss wier et déck langweileg.
Dem Killertik seng Foto huet 1 arrière-plan, 1 plan, 1 avant-plan.
Deng Foto huet 1 arrière-plan an 1 plan.