Lol, ma meng Walphoto as vu Sao Miguel
hun na puer Pano`en vun do, mär wollten nächst keier och mol Pico, Faial a Sao Jorge an deen Eck vun den Inselen mol kucken goen
D'Azoren sin top: Sonn, Mier, Walen, net vill Touristen, mega Landschaften, super Natur, alles as nach sou onbefleckt. An all Insel huet säin eegenen Flair. Ech wuar schon zu Faial, Pico, Sao Miguel an Santa Maria.
Bis lo just zu Sao Miguel, a bei santa Maria 2okm virun der Küst fir ze tauchen bei de Formigas, mee wann ech d`Formigas dobäi zielen och schon do dei aaner komme secher nach no, da kanns de jo dann o puer gudd Hotel oder sou Chalet`en op den aaneren Inselen empfehlen?
Zu Santa Maria wuar ech firun 20 Joer matt Mama a Papa, ka mech net mei richteg erenneren ausser datt d'Hotel beim Flughafen wuar, an daat wuar net déck. Op Pico schloofen ech nie, dohin gi mer emmer just fir een Dag. Matt der Fähr as een vun Faial an enger halwer Stonn. Zu Faial huet meng Elteren en klengt Haischen, déi verbréngen jährlech e puer Méint do Mee daat leit zimmlech an der Pampa, also e gudd Stéck vum Zentrum eweg. Et gin op Faial awer och e puer flott Hoteler am Zentrum vun Horta.