Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

spin the vinyl

 
spin the vinyl
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.05.2006
  • Gekuckt:
    40944
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x528
  • Späicherplaz:
    232 KB
  • Originaldatum:
    ..07.05.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 20D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Misc
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
Extras:
ech hun d'foto minimal gedréint fir se bessi méi riit ze kréien. an d'rauschen bessi ennerdreckt (wéinst den 1600 ISO).

Fir anzesetzen: [pg_img=5893]
Kommentar vum Fotograf:
dëss foto gouf op der "defected in the house" stage vun der MTV iDance Spring 2006 gemeet gin.

all d'fotoen kann een ab muar (esouwait firgesin) op der sait vun Nico remfannen (http://www.nico.lu/ - ab säit 37 kommen déi vun mir).

waat haal dir dervun?
Minaa 10.05.2006 - 00:09
Ech fannen se ganz flott, firun allem d'Faarwen an wéi d'Schäerft verdeelt ass ... flott!smile
MadSir 10.05.2006 - 00:29
merci
Mojoo 10.05.2006 - 07:10
Stemmen dem Minaa voll an ganz zou.

Eng super Foto! Gefällt mir immens gudd.
Knolles 10.05.2006 - 07:46
/removed/
MadSir 10.05.2006 - 09:04
@ alleguer: merci! hätt elo net geduercht dass den feedback esou positiv wier smile
Naturknipser 10.05.2006 - 09:43
ass einfach nemmen genial, Du wees jo ech sin fan vun klengen Déifteschaerften an d'Faarwen sin och genial.
MadSir 10.05.2006 - 13:13
amBesch, merci fir den firschlag an "Topfotoen".

Mee wéi geed daat elo genau? Konnt daat net ganz novollzéihen aus dem News-Artikel

Et schléit een d'Foto fier, an dann Stëmmt just d'Jury driwer oof oder wéi? A wann een dann do méi wéi 50% vun den Stëmmen kritt (also > 6 Stëmmen) ass se an den Topfotoen?

Hun ech daat rischteg verstsaan?
Knolles 10.05.2006 - 13:18
/removed/
Johny 10.05.2006 - 13:18
Jo et schléit ee se fier an dann stëmmt d'Jury driwer oof. Mee an teschen Zäit bräuch een 8 Stëmmen fier dass se geholl gët well mer bessen mei streng wëlle sin smile
MadSir 10.05.2006 - 13:35
ahh ok dann waar daat awer rischteg bei mir ukomm closed_eye

merci
Knolles 10.05.2006 - 15:40
/removed/
yannhellers 10.05.2006 - 16:34
sorry Jury mee do sin ech net ärer meenung... schued
MadSir 10.05.2006 - 16:37
kee grond sech opzereegen smile waar selwer eierlech iwerrascht dass se firgeschlo gin ass

et sin natierlech saachen drun dei net perfekt sin (z.b. minimal déifteschärft, fokusséierung net op der nool, ...)

wollt dem amBesch awer nach eng kéier merci soen dass en se firgeschlo hued, an déi wou net matt der jury d'accord sin merci dass se d'foto esou gudd fannen closed_eye
Knolles 10.05.2006 - 17:11
/removed/
MadSir 10.05.2006 - 17:15
mir sin keng besser wieder agefall smile hoffen et ass riwer komm wei ech gemengt hun hehe
mmphotos 10.05.2006 - 23:24
Also sin och am jury an hun bei daer foto och dergeint gestemmt. Son iech och firwaat...fier mech soll eng topfoto an allen punkten top sin...waat des leider net as...et sin eeben och detailer dei et ausmaan. Mee et as awer eng super foto.
Johny 10.05.2006 - 23:29
Gin dem Marc Recht, et ass eng super Foto, mee sin och senger Meenung dass bei enger Topfoto een muss mei streng sin. Ech hun mer geduecht, se ass gudd, gudd kadreiert, kennt sougesin gudd eriwer, mee ech duecht mer do hätt een se awer nach kënnen en Tick mei schaarf hun, ech wees net wisou se net 100% schaarf ass (wees, sin kriddlech), mee wär secher meiglech geweecht hei. Dofier soot ech och Nee

De Marc (also mmphotos) an ech wärten wuel mat déi sin déi am kriddlechsten sin am Oofstëmmen. (Kënnt mer mol sou fier bis elo)
MadSir 10.05.2006 - 23:43
Verstin daat och, et wier secher een Tick besser gaang, wann een halt net an Zaitdrock ass, kengem op der Bühn am Wee stoen well, an eng roueg Hand hued no 9 RedBull (ouni Vodka!! closed_eye) fir 1/40s. Mee wei ech schon gesoot hun, haat se net dragesaat fir dass et eng Topfoto gedd smile Hun jo nach selwer gesoot waat mir net esou gefällt.
An sin mer mol eierlech, ech wier wuel genau esou streng wei dir 2 closed_eye Ech mengen daat mech eng Top Gallerie jo aus.
amBesch 11.05.2006 - 12:36
Ech wees nët op dir zwee déi sidd wou am kriddelechste sidd an der Jury, ech denke ganz einfach dass d'Leit verschidde Saachen ënnerschiedlech wichteg bewäerten, respektiv gesin. Ech fanne nämlech dass ech selwer och nawell zimlech kriddeleg sin, ma hei bei dëser Photo war mir perséinlech z.B. nët sou wichteg dass se nët wiirklech zu 100% schaarf ass. Wann ech déi 16 lescht Photoen kucken déi schlussendlech an d'Topfotoen komm sin, do hun ech selwer z.B. och bei déck der Hallschend dergéint gestëmmt well ech fond hun dass och do villes nët perfekt war oder d'Photo mer speziell genuch war.
Johny 11.05.2006 - 12:40
Ma da kanns de secher sin dass de Marc an ech bei dene Fotoen och net d'accord waren smile An dofier wollten mer daat jo op 8 Stëmmen op manst, hiewen och. Vläit wir dës Foto rakomm mat 7 Stëmmen pro, mee bon, kee wees et.
elmuzo 10.05.2006 - 17:27
Wollt awer och nach hei ganz kuerz erklären dat di Prise do mer vum Sujet an vun der Opmaachung + Fuarwen top gefällt.
ptitgervais 10.05.2006 - 20:57
/removed/
amBesch 10.05.2006 - 23:05
Sou, dann lo awer och nach mäi Kommentar zu der Photo hei smile War de moie leider nët derzou komm nach e Kommentar ze schreiwen, ma d'Photo huet mer sou gudd gefall dass ech se eben awer séier virgeschloen hun.
Tjo, wéi déi meescht hei fannen ech einfach och d'Faarwen immens. Ma och den Ausschnëtt ass super gewielt grad wéi d'Verdeelung vun der Schärft um Bild. Fir mech ass einfach dat ganzt Bild stëmmeg, an ech fannen dass d'Athmosphäre immens gudd eriwerkënnt. Ofgesin dovun ass ët eng Photo wéi ech se hei op photogen.lu nach nët weider gesin hun.
Ët deet mer Leed dass se nët ugeholl gin ass vun der Jury, allerdéngs ass ët mëttlerweil och e bëssi méi schwéier ugeholl ze gin, well lo 8 Leit dofir stëmme mussen. Dat hu mer gemaach well immens vill Photoen do waren wou mer eis nët wiirklech eens waren, sou dass oft schon 11 Leit ofgestëmmt haten, ma trotzdem nach keng Décisioun gefall war, wat also heescht dass mer eis selwer nët ëmmer eens sin wat déi virgeschloe Photoen ugeet.

Ma dofir kriss de vu mir op alle Fall awer och eng 9 an ech encouragéieren dech sou weider ze maachen!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 486 Gäscht online