Extras: just mat engem 40 W Halogenspot säitlech vun hannen beliicht. RAW Format. Hun d'Farwtemperatur net korrigeiert, well dei warem Farw mer hei besser gefaellt.
Heielei, vun dir hun ech schon eng Zaitchen keng Photo méi gesin, flott dass de mol rem eng eroplueds
A wéi ëmmer ass se technesch natiirlech tiptop. Den Halogenspot ass uewen um Kapp zwar nawell zimlech hell gin. Ansonsten awer ganz schön.
ech war zwar regelmässeg hei um Site, ma haat einfach nët déi noutwendig Zäit fir meng Fotoen ze verschaffen a mech aktiv hei ze bedéligen. Hoffen, dass daat sech bessert :o)
Jo, effektiv, hun dech déi eng oder aner Kéier gesin. Bein, dann hoffen ech dass de nees e bëssi méi Zäit kriss fir richteg aktiv hei ze sin, du mëss nämlech wiirklech ëmmer super Photoen.
Hun lo op émol Proeblemer beim Roplueden mat den Ëmläuten, suwuel am Titel wéi am Kommentar sin drolleg Zéchen.
d'Emläuter um Site selwer erschingen dogéint richtig op mengem Ecran! Wéss én wourun daat leie kann? mäi Character Encoding steht op Auto detect Western ISO 8859-1.
jo du hues recht ma daat kéint dohier well et just é klenge Spot mat enger E14 Fassung war a soss keng Luucht am Räum. wann ech d'Liicht op den Hoer méi däischter gemeet hätt, wir d'Gesiicht ganz däischter gewésst. War e Versuch!
ähm mäer fällt elo an: du häss jo einfach vun alles de wénkel kënnen änneren... also esou dass de spot de kapp nachméi duuss schträift .... do geet ganz e bessi schons duer...