Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Vortex
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.08.2011
  • Gekuckt:
    22428
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    800x551
  • Späicherplaz:
    269 KB
  • Originaldatum:
    2011:08:24 03:19:31
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
    Tokina 11-16mm
Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
2. Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58366]
Kommentar vum Fotograf:
Bon Dia !

Hei kennt da mol eppes vun den Azoren wou ech grad Vakanz maachen.

As zwar, wéi meeschtens bei mir, alt rem am naassen Element fotographéiert gin, mee et as mol eng Kéier näischt aneres op der Foto wéi nemmen Waasser.

Dëss Foto as entstaan bei engem Bootstrip bei d'Pottwaler, mat deenen mir tauchen / schwammen konnten dank enger Genehmegung vun den portuguiseschen Autoritéiten fir audiovisuel Opnahmen kennen ze maan. Sou soutz ech dann 30 Séimeilen vun der Küste eweg, matten am Atlantik bei sage und schreibe 1500 - 2000 m Fong an hun ee kuerzen Moment net op d'Déieren gekuckt mee einfach erof an den Grand Bleu wou sech d'Sonnenstrahlen regelrecht aus den Abyssen richtung Oberfläsch reflektéiert hun. As phototeschnesch net onbedingt eng Erausfuerderung, mee eppes steet fest, déi doten Foto gëtt a ménger Wunnéng opgehaang ;-)

Hope you like it too :-)
Miisamm 25.08.2011 - 20:37
Ganz intressant.
Ouni deng Erklärung hätt ech just geduert WTF!
Mee esou wi gesoot ganz Interessant, a bestemmt eng Vue wou ech nie wärt gesinn smile
Nemo 10.09.2011 - 13:18
Merci Miisamm!

Jo hun alt gemengt dass ouni d'Erklärung et fir déi meescht Leit eventuell e bessen schwiereg géiff gin sech eppes Konkretes drenner virzestelen smile
Pit 25.08.2011 - 21:47
Merci fir d'Erklärung, soss hätt ech geduecht, a wat ass dat do dann ? Mee dat muss awer een immenst Gefill sinn, sou eppes 'am richtegen Liewen' ze gesinn.
Nemo 10.09.2011 - 13:16
Merci Pit!

Jo et as nawell en Erliewnis. Virun allem well mer dobai och nach sou eng yet Delphiner ronderem schwammen haten an bei deem heiten Schauspill se zwar net méi gesin, me trotzdem nach héieren hun. War schon e bessi ongewinnt, mee en flott Erliewnis closed_eye
Zora 25.08.2011 - 21:55
Et geet een förmlech ant Mett eran gesaugt, extreem coolsmile
Nemo 10.09.2011 - 13:14
Merci Zora!

Jo eben, as och genau daat waat mech dozou beweegt huet déi Foto ze maan, a mer natierlech d'Idee fir den Titel gin huet closed_eye
Jeanny 26.08.2011 - 06:46
schléisse mech dem Zora un, nach weider eng schei Vakanz
Nemo 10.09.2011 - 13:13
Merci Jeanny closed_eye
jorsch 26.08.2011 - 14:43
Modern Art.
Besonnesch flott well et eng natierlech Foto ass!
Nemo 10.09.2011 - 13:12
Meci smile

Jo nawell, Modern Art an sénger definitiv einfachster Form closed_eye
Locke 26.08.2011 - 15:42
13 Séimeilen Bunnes, 13 closed_eye 30 da wiers de scho baal rem op de formigas gewiecht tongue
Nemo 10.09.2011 - 13:12
blablablablaaaaaa......

Pedant ! closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 551 Gäscht online