jo deen aale gudden Horizont.. denken wa genuch aaner Saachen am Bild sin as den Horizont an der Mett nemmei sou uerg; en plus wann ech d'Foto sou geschnidden haett dat den Horizont net mei an der Mett wier, haett ech d'Wollecken uewe verluer, waat aawer schued gewierscht wier...
Merci Jade
Et huet een alt net emmer dei total inspiratioun hei... ech huelen mai Fotoapparat duerfir emsou leiwer mat op d'Rees, a brengen da gaere Biller mat... ech muss vlait einfach mei oft an d'Vakanz fueren
tiens, daat ass eng Léisung! ...
fir méi Fotoen ze machen --> fuert méi oft an d'Vakanz
PG kéint esou ganz vill nei Sponsoren fannen
(PS: ech kommen graad vun 4 Wochen Südvakanz zeréck ... keng eng Foto geknipst :-/ ... mee villäicht misst ech mech vun dengen Villégiaturen inspiréieren )
ech hun trotz super Straenn a Landschaften och quasi keng eierbar Landschaftsfoto matzreckbruet... heinsdo mengt een et geif een mat lauter toller Fotoe remkommen vun enger Plaaz, an dann brengt een genee keng eng schei vun do mat, duerfir aawer emsou mei Fotoen vun enger Plaaz op dei een sech während der Vakanz eischter "veriiert" huet... mir geet et emmer mei oft esou, duerfir huelen ech mer scho guer net mei fir iergendswou iergendeng bestemmte Foto ze maan, mee faenke daat an waat mer grad flott vrun d'Lens leeft