Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Taos Pueblo

 
All Fotoen an dëser Serie:
19914 Thumbnail
19915 Thumbnail
19916 Thumbnail
19917 Thumbnail
Taos Pueblo
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.08.2011
  • Gekuckt:
    18223
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
    16.07.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 60D
  • Objektiv:
    Canon 24-105 f4/L
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57942]
Kommentar vum Fotograf:
Den Taos Pueblo an New Mexico ass déi eelsten durchgängeg bewunnten Siedlung an den USA. Get och haut nach vun den Indianer bewunnt.
Et gesait een weider keng Indianer op den Biller, obwuel déi do waren, mee et ass nët erlabt sie ze fotograféieren, ausser sie sinn domadder (géint eng Entschädegung an Form vun e pur Dollar) averstaanen.
VeloBen 06.08.2011 - 12:47
Herrlech Landschaft, wéi aus engem Westernfilm !
Pit 06.08.2011 - 14:00
Jo stëmmt, ass richteg flott do.
suraki 06.08.2011 - 13:26
eng richteg flott Stiedchen fir Vakanz ze maachen, hues de wéinstens e puer vun dengen Dollare gutt ugeluecht ??
Pit 06.08.2011 - 13:59
Keng Angscht, déi sinn ech all lass ginn smile
suraki 06.08.2011 - 16:07
e mengen elo net déi, déi d' Kriss vernicht huet bigsmile
wollt wëssen op de elo mat Indianerportäen kenns hehe smile
Pit 06.08.2011 - 16:41
Déi machen do Schmuck, den se daan verkafen, an ech war mat menger Fra do...smile Nach Froen ?
suraki 06.08.2011 - 17:14
haaha , weis eis d'Indianerportäen déis de gemaach hues closed_eye
Pit 06.08.2011 - 17:16
Kann ech leider net dengen....alles an Schmuck emgewandelt, an d'Indianer huelen haut och VISA....unhappy
suraki 06.08.2011 - 19:01
ohhh smile
Magic 06.08.2011 - 16:41
Flott Serie Pit, mat wonnerschéine Faarwen.
Pit 06.08.2011 - 16:48
Merci gesot smile
Abacab 06.08.2011 - 16:47
Gutt geroden deng Serie, d'Faarwen kommen gutt eraus, a flott Kontraster am Himmel!
Pit 06.08.2011 - 16:50
Merci Marc
wsteve 06.08.2011 - 17:54
Mega schein Pit gin 2012 och dohin sin geschpant op d'indianer an och de rescht vun eiser tour.
Pit 07.08.2011 - 08:58
Merci. Kanns dech fréen, ass eng Rees wert.
Jeanny 07.08.2011 - 07:19
eng herrlech Dokoserie, an Wierder huet jo voll matgespillt an herrlech Faarwe gezaubert smile
Pit 07.08.2011 - 08:57
Merci Jeanny, jo d'Wieder war optimal.
He-Lx 07.08.2011 - 22:12
De Pueblo an déi Foarwen sin derwäert. Merci dass de eis matgeholll hues.
Pit 07.08.2011 - 23:20
Merci, gär geschit smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 580 Gäscht online