Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stairsmobil

 
Stairsmobil
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.06.2011
  • Gekuckt:
    17531
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    3.2s
  • Blend:
    f22
  • Brennwäit:
    10mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    319 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    eos 500d
  • Programm:
  • Objektiv:
    sigma 10-20mm 3.5fest
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:
photomatix, lightroom, ,stativ, skill;)

Fir anzesetzen: [pg_img=56784]
Kommentar vum Fotograf:
Nagarjuna 22.06.2011 - 09:01
1. f/22 bei enger Brennwäit vun 10mm? Firwat?
2. Du hues Tonereversals an Haloen am Himmel. Den Himmel soll am Dag méi hell sinn wéi de Rescht vum Bild well d'Luucht jo vun do kennt. Dat gëllt och bei extremen Tonemappings.
Also... um Skill den an den Extras steet zweiwelen ech nach e bëssi. closed_eye
Locke 22.06.2011 - 09:36
bigsmile
ZerberuZ 22.06.2011 - 09:50
autsch bigsmile
Nagarjuna 22.06.2011 - 09:57
Oh, et war net béis gemengt. Wann een domat nach net déi néideg Erfahrung huet, huet een och net dat néidegt Feingefill an et iwwerschätzt een sech gären. Ech hunn jo awer een Twinker-Smiley hannendrun gesat. smile
gtaddei1 22.06.2011 - 10:17
Jo mé et keint én daat als Konschtexpressioun konsidereieren. Artefakten ewei moof Aan, Grenhg Hoer, Blofilter, pixelisatioun, DigitaleFlou ... Topaz Filteren,
Ech mengen du hues recht Nagarjuna
_MiAmI_ 22.06.2011 - 14:26
sou een smiley huet hien jo awa och hannert dem Wuert "Skill" stoen bei den Extras, oder net!?.....

Nagarjuna 22.06.2011 - 14:38
Jo, näischt fir ongutt. Ech hunn hien jo konstruktiv op 2 Punkten higewisen déi virun allem net klappen. Mir sinn jo hei fir ze léieren. Den leschten Satz war ironesch gemengt als Reaktioun op d'Wuert "Skills". Wann ech elo nach Ierbessen zielen gaangen wier, dann hätt ech hien nach op d'tonnenförmech Verzerrung vum Objektiv an op den Cadrage kéinten uschwätzen, awer dat wier dann eriwwer komm wéi wann ech d'Foto wéilt zerrappen, an dat ass och net meng Absicht, weder nach hien ze beleidegen. closed_eye
_MiAmI_ 22.06.2011 - 16:02
verstin dech! engem een "Text" dohin posten an et awa gud/fein etc domat mengen kann ganz oft vill mei schnell am negativen verstaan gin, wei engem et perseinlech ze soen, mengen daat wessen ma jo alleguer... smile
Nagarjuna 22.06.2011 - 16:11
Jo, genau. Do kann een souvill Smilien gebrauchen. Wieder loossen sech awer ëmmer interpretéieren wéi een et well. Ech hunn awer bis elo nach ëmmer probéiert konstruktiv Kommentaren ze hannerloossen. Awer wann een sech eng laang Zäit amuséiert ëmmer erëm dat selwecht ze widderhuelen, dann kennt een zur Feststellung dass et besser ass et reegt een d'Leit un sech eng Kéier kuerz um Google schlau ze maachen. Dat war ech hei schon etlech mol geschriwwen hunn fënnt een nach vill méi detailléiert an etlechen Tutorials. Ech sinn mir awer bewosst dass ech hei ganz anescht eriwwer komm sinn wéi ech dat beabsichtegt hat. Merci! smile
_MiAmI_ 22.06.2011 - 14:37
Bon dann soen ech da, virwaat dei f22 net neideg as.
Dei brauchste hei net, well Bild net extrem an deift geet, wei zb bei enger Landschaftsfoto oder sou, an dann kannste do nach f18 oder f20 benotzen. Hei bei dengem, f11.

Am Photomatix vleit Reegeler net ze vill hin an hir bewegen, manner as mei closed_eye
Manner: Staerkt, Hellegkeet, glaetten ... vir dasste net esou vill Hallo dran kriss. an dann misst daat klappen.
Vir de Recht vill knipsen an probeieren. smile
Nagarjuna 22.06.2011 - 14:44
Eng Blend vun 8 maximal wier bei dëser Brennwäit schon duer gaangen. Dann hues du schon alles schaarf ab enger Distanz vun 60 cm bis onendlech.
TomEwert 22.06.2011 - 15:04
wéi wann daat haut nach op iergendengem (neien) objektiv geif stoen ... also hyperfocal distanz etc....
Nagarjuna 22.06.2011 - 15:28
Dofir kriss du Tableauen an och ganz schnell e Gefill. Wann een eppes léieren well dann muss een Erfahrung sammelen an selwer nosichen. Wann ech d'Fro stellen firwat dass hien f/22 benotzt huet bei enger Brennwäit vun 10mm op engem Crop Sensor, dann war dat fir dass hien den Google benotzt an een vun deenen villen Tutorials doriwwer liesen soll. Dat selwecht gëllt fir den Tonemapping am Photomatix. An hei brauch näischt entschäerft ze ginn wats du net selwer schaarf gemeet hues. Denk emol e bëssi iwwert däin eegenen Kommentar no.
TomEwert 22.06.2011 - 15:41
och wann, mir wessen daat alleguerten vun johny, google dein kolleg ass, haess du him och einfach kennen d'aentwert gin ?

virwat muss heen dann elo nach laang sichen goen wanns du him d'aentwert direkt gin kanns?

an scharf un mengem comment wor kritik géigeniwert enger art an weis vun engem kommentar wéi "Also... um Skill den an den Extras steet zweiwelen ech nach e bëssi. closed_eye"

daat muss einfach net sin.
Nagarjuna 22.06.2011 - 15:51
Stemmt jo awer... bigsmile
Ech schreiwen deenen aneren Leit ni dat wat ech net wéilt wat een mir selwer schreift. An dat do ass eng ironesch Bemierkung gewiescht iwwert déi ech geschmunzelt hätt wann een mir se dobäi geschriwwen hätt.
Villäicht schreiwen ech jo dann iergendwann een Tutorial hei op PG iwwert DoF. Soss misst ech mech jo éiweg widderhuelen an eventuell eng Sammlung vun Template-Kommentaren hunn. Wann elo vun him d'Fro komm wier firwat ech dat schreiwen, dann hätt ech him sécher eng kleng Erklärung an een vun den villen Linken um Internet dobäi gesat. Ech sinn och ni mat Watt ugepack ginn hei op PG an déi Leit déi mech am meeschten op d'Platz gesat hunn sinn déi di fir mech déi beschten Kollegen an Virbiller sinn z.B. den Gloda... den kann dat richteg gutt. An dat respektéieren ech. Awer, och wann et net méi op den Objektiver steet ass DoF een absolut wichtegt Thema wat och den _MiAmI_ gréisstendeels ganz falsch beäntwert huet.
TomEwert 22.06.2011 - 15:55
stemmt deelweis ... doweint haat ech nach en klengen pefferkaer dobai gesot. ech mengen dass den hdr prinzip grondsaetzlech vill leit dozou verleed d'grondprinzipien vun bildopbau an mettel zur bildgestaltung ze vergiessen. DoF ass effektiv daat wichtegsten mettel niervt der beliichtung. en tutorial giff hei secherlech wierklech vill leit interesseiren. leider sin dei zeiten eriwer wou d leit sech nach mat hyperfokaldistanz etc. beschaeftegt hun. daat wor freier super praktesch bei enger reportage. hues einfach eng blend 8 geholl manuell schaerfgestallt z.b. 60-onendlech an konns dei ganz reportage gemittlech hannert dech brengen ...

also ech giff dir, falls du en tut solls maan och gaeren dobai behelleflech sin.
Nagarjuna 22.06.2011 - 16:05
Ma, ech wäert mech dann mol an Zukunft domat beschäftegen. Sou eppes gëtt et jo net op Lëtzebuergesch an dann schécken ech dir eng Kopie bevir ech en publizéieren. Merci! smile
_MiAmI_ 22.06.2011 - 16:09
kanns du mir dann weg soen waat ech falsch erklart hun, hun et vleit richteg geduet mee falsch erklaert.... closed_eye
Leieren nach emmer gaeren bei.
Brauch "skill"bigsmile.
Nagarjuna 22.06.2011 - 16:23
Fir eng Landschaft brauchs du am Prinzip net iwwert f/8 ze goen. Do wier souguer schon f/5.6 deck duer gaangen. D'Déiftenschäerft ass eng Relatioun zwëschen Brennwäit, Blend an Distanz zum Sujet. Wat deng Brennwäit méi kleng ass, wats du méi schnell eng immens Déiftenschäerft kriss. Bei enger Landschaft wous du een Bam op 3 Meter Distanz fotograféiers mat Brennwäit vun 10mm kanns du roueg schon mat f/2.8 fotograféieren. D'Hyperfocaldistanz ass dann bei engem Cropsensor bei 1,90m. Ab dëser Distanz hues du alles bis op Onendlech schaarf bei f/2.8 mat der Brennwäit 10mm. Alles wat virun 1,5 Meter ass gëtt onschaarf. Awer bei enger Landschaft leet een jo sielen op déi éischt 2 Meter wäert. Awer fir d'Bildqualitéit ze verbesseren soll een ëmmer wéinstens 2 Blenden oofblenden. Also, fir Landschaft huet een déi beschten Qualitéit zwëschen f/5.6 an f/11 (maximum) bei sou enger Brennwäit. D'Qualitéit vun der Opnahm get och méi schlecht wann een Oppenblend fotograféiert an och wann een zevill zou mécht. Meng Lieblingsblend ass 8 well ech vill Architektur mat Wäitwenkel maachen. Sich einfach mol am Google no DoF Calculator. Dat seet vill méi aus wéi alles wat ech hei schreiwen kann.
TomEwert 22.06.2011 - 15:12
also déi ganz série vun kommentarer, och wann se herno méi oder maenner entschaerft gin sin, weist einfach virwat vill leit den latz op pg kréien. bréngt jo absolut neicht hei esou eng "kritik" ze verfassen.

wéi den miami sot ass effektiv /f.22 vielleicht en bessen zevill des gudden fir desen genre vun photo. blend mess du hechstens ganz zou wanns du wierklech wells all détail vun hannen bis viir an enger landschaftsphoto hun.

woubei daat bei digi. spiegelreflexer nach wéineg senn mecht, hechstens nach bei vollformatsensoren wéint der verminderter déiftenschaeft. esou zouen blenden hun am fong méi am mettelformat-bereich wierklech senn. fir des photo waer eng 8er blend och voellegen duerchgaangen.

awer elo mol zur photo.
also ech sin eigentlich net den fan vun hdr, oder photomatix geschichten.ech fannen et awer interessant wéis du hei d'struktur oder textur vum blech vum stairmobil erausgehuewen hues. daat ass dir wierklech gelongen. waat mir en bessen fehlt, an daat ass hei natiirlech och hdr bedengt, och d'spill vun der luucht an vum schied.

eng kleng note um rand fir dech vielleicht. d'bild haett méi dynamik parat wanns du se am héischformat geholl haess. grondsaetzlech hun querformaten éischter tendenz roueg an ausgeglach zu wierken. en héischformat dogéint wierkt direkt méi dynamisch an haett an desen fall dir gehollef nach en bessen méi déift an d'bild ze bréngen.

loss dech op jidden fall net découragéiren vun verschidden comments hei, mir sin alleguerten hei fir ze léiren, ech léiren fir mein deel, nach ALL DAG bai. d'gin eben just art an weisen mat den leit ze schwetzen/schreiwen.

rockstarnailbomb 22.06.2011 - 17:16
sou guy ech benotzen elo deng foto fir meng 2 cent beizefügen..

alles wat elo richting grondbasis ganen ass, resp. technic, gouf schon alles erwaehnt.
grond basis ass och wichteg! mais ech kreien de faulen, wann d'leit hei mat begreffer an techneschen wieder jangleieren...an wann een dann hier fotoen kuckt..ass alles iwerdriwen verschafft...sujet total oninteressant...oder wat och emmer..

d'leit sollen mol mei mam aa kucken, an mam herz fillen...

70% vun de gepostenen fotoen sin einfach characterlos, resp. gefillslos..
well all mensch nemmen nach photoshop benotzt, net kuckt, einfach drop lass knipps, mam gedanken "et ass vielleicht eng gudd dobei".

bei zeitungs fotografen verstin ech dat, dass dei net all foto gudd hinkreien...deim "documenteieren" just..

fir un 20 joer ass et keen photoshop gin...an awer hun leit et ferdesch bruet GRANDIOs fotoen ze maachen..och am laien bereich..

kucken, fillen,.. an dann photoshop (net iwerdreiwen)

mais grondbasis natirlech net vergiessen..
dest soll keng remarque fir des foto sin...mais all dat getext iwert photomatix (fuerchtbar), tonemapping...an wat och emmr smile

my 2 cents smile

dr_kim_veis 22.06.2011 - 17:29
word!
Nagarjuna 22.06.2011 - 18:05
Ech ginn dir net onrecht, awer deng Remarque ass net immens tolerant vis-à-vis vun aneren Leit déi och villäicht een aneren Goût hunn. Ganz kloer ginn et bei der Fotografie zwou wichteg Saachen déi een beherrschen muss. Béid Saachen sinn gläich wichteg. Et muss een kennen wéi bei all aner Konschtform "expressiv" sinn. An fir dat am beschten kennen ze verwierklechen muss een d'Technik beherrschen. Sou einfach ass et. An iwwert dat Thema hunn ech zu St. Petersburg eng Masterclass gehalen an hei och schon kierzlech an der Lorraine. Awer ech sinn net mat dir d'Accord wanns du d'Aarbecht vun verschidden Leit hei um Site discreditéierts. All Mënsch huet eng Kéier ugefangen Fotoen ze maachen. An déi meeschten Leit schéissen haut drop lass an jummen hier Fotoen direkt duerch den Photomatix. Do hues do och Recht. Awer aus den Fehler léiert een. So mir awer ob ech dech falsch verstanen hunn, awer ech hunn däin Kommentar ontolerant vis-à-vis vun jonken Fotografen fonnt, déi nach net dat néidegt Feingevill hunn fir expressiv technesch gutt Fotografie ze maachen. An dofir sinn déi Leit jo hei op Photogen. Awer elo net béiss sinn an w.e.g. d'Gespréich och net ausaarten loossen well dat brengt jo kengem eppes an et huet näischt méi direkt mat dëser Foto ze dinn.
rockstarnailbomb 22.06.2011 - 18:21
et hängt dovunner oof wat een ennert "expressiv" versteet... wat fir dei aner schwachsenn ass... ass fir anerer "konscht"..an awer muss een bei gesonden mënschen verstand bleiwen...

een wou sech e bessen fir fotografie interesseiert, oder fir konscht... deen muss den ennerscheed maachen, töscht z.b. gudden abstrakten fotoen, resp. abstrakten biller... d'idee dohannert, ziel vum abstrakten, an ungeehensweis...

(zitat) "Et muss een kennen wéi bei all aner Konschtform "expressiv" sinn. "

wann een bei der meenung bleiwt, dann verleiert een un den notionen, resp. un senger egener meenung wat "gudd" an wat "schlecht" ass....

kuckt een d'geschicht vun der abstracter konscht...dann sin et demols wierklech moler gin, wou eng revolution an der perception an iwerleeung vum mensch geännert hun... hautesdaag schmieren ech 1 kilo fuarw op eng toile an et get als "konscht" ungesin....

an dat hun mer och an der photographie vun haut... souguer dei characterlosts "tonguehoto" get awer als "gudd", "tolerable", "könschtlereech" ungesin...

bon dann sin mer och nees beim punkt...
"les gouts et les couleurs..."

ech greifen dei jonk net un... dei sech geschter hieren 1. fotoapparat kaaf hun... mais hier iwerleensweis... well keen sech mei d'mei mescht sech iwert eppes "ze informeieren" -> LIESEN !

am sënn "ech posten elo mol einfach eng foto...an dann kreien ech gesoot wei ech et richteg maachen... an dann ass dei next direkt besser"...

all dei wou vun pocket-cam op DSLR emsteigen.. geifen sech awer net schlau draus maachen, wat iwerhaapt den ënnerscheed ass tëscht pocket an spiegelrefelx...

anerer hun fir 10.000 euro material...an se brengen awer net 1. foto färdesch wou ech geif "WOW" soen...

ech kennen leit dei hun photosconcouren gewonnen...well se den 1. preis fir hier photo kritt hun. an der vakanz hun ech dann missten feststellen..dass deen gudden kolleg smile ... permanent am AUTOMATIK modus knippst....

an dat steiert mech emmer mei an mengem emfeld vun leit dei innerhalb vun 3 joer... ALLES WESSEN WELLEN AN KENNEN....ouni mol un hieren wichtegsten punkt ze denken... HIERT AA

ech soen natirlech net dass all meng fotoen gudd sin...
ech hun nach GANZ VILL beizleieren...

mais ech kritiseieren d'approche vun villen leit op photogen... semi-profien... bis amateur, neulingen..

Nagarjuna 22.06.2011 - 18:35
OK, Merci fir deng detailléiert Äntwert. Den Boom den ausgeléist ginn ass duerch déi bëlleg Präisser vun den DSLR'en haut, an och déi ganz Automatik déi an den Apparater dran stécht huet ganz kloer hier Auswierkungen op d'ganz Welt vun der Fotografie. Awer et ginn nach vill Fotografen déi sech ganz kloer aus dëser riseger Masse eraushiewen. Alles wëssen wëllen an kennen heescht jo nach laang net dass een domat iergendwann eppes anstänneges ereescht. Déi Fotografen déi haut nach eppes Beweegen op dem "richtegen" Konschtmarché sinn och net unbedingt déi, déi bei den Concoursen gewannen.
Mat "expressiv" hat ech gemengt: Eng abstrakt Idee oder Gevill iwwert eng Foto ze vermëttelen. Also, et muss eng Kommunikatioun zwëschen dem Fotograf an dem Betruechter entstoen. An den Fotograf vermëttelt iwwert eng net verbal Kommunikatioun een Message deen den Betruechter och versteet. Et ginn jo vill Gefiller an Ideen déi een iwwert eng Foto kann vermettlen. Awer, ech denken ech verstinn wat dech am Meeschten stéiert. Dat nennen ech "EYE-CANDY". Dat sinn Sachen déi "vide d'être" sinn an just dem Ae gefalen an keng bleiwend Spuer bei der Persoun hannerloossen déi d'Foto gesinn huet. Thanks fir däin Input! smile
rockstarnailbomb 22.06.2011 - 19:06
merci och closed_eye

elo genuch gesouert
elo geet et geschwenn an d'staat feieren closed_eye

scheinen owend
Nagarjuna 22.06.2011 - 19:25
Gläichfalls smile
VeloBen 22.06.2011 - 19:46
Hun daat mol alles matgelies hei.... junge,junge... dier musst gut Zeit hun ! bigsmile

Schued daat den Fotograph selwer vum Bild selwer nach net konnt aentweren. Deen haett sech bestemmt net esou eng Lawine vun Comments erwaart.

Mat verschiedenen Aussoen sin ech 100% d'accord.

Mech stéiiert awert awer d"Idee daat Konscht nemmen vun perfekten Techniker kann ereescht gin. D'Konschtgeschichte weist eis awer daat dest net den Fall ass. Dem Andy Warhol seng Wierker (Spontankënschtler per excellence) kanns de eben net ma Rubens & Co (perfekt Techniker) vergleichen.
Daat ass wéi Aeppel an Biren vergleichen.

Och den Miro selwer huet sech emmer méi zu enger "naiver" Konscht hinentweckelt. Sin dofier seng Wierker manner interessant oder wert gin ? NEE !

Waat gefällt lait eenzeg an alleng am Aen vum Betrachter selwer. Daat ganzt elitärt Denken an der Konscht ass mir zuwider. Daat k.... mech hainsdo un !

Déi sougenannten "Gralshüter vun der gudder Konscht" gouf et zu allen Zeiten an awer entweckelt sech d'Konscht (zum Glëck) emmer nach weider. Well Stillstand an der Konscht wier daat schlemmst waat kéint passéieren.

Nagarjuna 22.06.2011 - 20:02
Ganz denger Meenung. Technesch perfekt mussen se jo net sinn, awer et sollt een awer méi wéi d'Automatikprogrammer kennen. Et war éischter sou gemengt dass d'Grondwëssen iwwert d'Fotografie duerch d'Automatik verluer geet. smile
VeloBen 22.06.2011 - 20:06
Muss ech Konscht geléiert hun fier Konscht kënnen ze maachen ?
Nagarjuna 23.06.2011 - 01:34
Nee
VeloBen 23.06.2011 - 09:11
cqfd
Nagarjuna 23.06.2011 - 09:48
bigsmile Automatikprogrammer op engem modernen Fotoapparat hunn awer och näischt direkt mat der Konschtléier ze dinn an den Cartier Bresson konnt seng Leica Manuell souguer am schlof bedingen. Awer... elo basta... soss hellt déi Diskussioun jo ni een Enn. Sou eppes ass besser bei engem Patt ze diskutéieren wéi ënnert dem asuka senger Foto. Thanks! closed_eye
VeloBen 23.06.2011 - 11:31
Dito!

Trotzdem bleift den Apparat just een outil opp automatik oder net.
rockstarnailbomb 22.06.2011 - 17:21
dat selwescht hun mer an letzebuerg bei der konscht errescht... all mensch pinselt just nach abstract duerch d'landschaft. eng masse produktion..wei an der music.. ouni gefill ouni character..

sou wei elo ALL mensch sech eng DSLR keeft..an wann een freet wiesou:
"ma dei mescht besser fotoen". an et get firun op automatic geknippst...

_MiAmI_ 23.06.2011 - 00:16
de Guy werd sech iwert dei vill lecture freen. smile
asuka 23.06.2011 - 01:56
Ee schéine gudde moien un meng fans smile),

merci fier är explicatiounen / erklärungen zu menger "noob"foto..

pour info befier ech rem bombardeiert gin.. dest war meng eicht HDR-foto souwei di eichter keier dass ech iwerhaapt eng foto bearbechten.. wollt eben alles probeieren an alles uklicken waat et gett.. rauskomm ass dei foto ebensmile mei well ech lo einfach dozou net soen

n.B: keng loscht 7 saiten comments ze liesen.. ( mee iwerflunn hun ech se..) ech bedanken mech bei deene persounen dei mier "sozial" erklärt hun wei ech dei next besser hikreie keint..



ech sin frou dass main "skill" succes haatsmile))))) bis dann
crici 23.06.2011 - 20:17
Geföllt mir immens gudd smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 415 Gäscht online