Merci, wann se dir gefalen, dann sinn ech berouegt
Jo, do war vill Gekabels, Staangen asw...Hunn vill Fotoen gemaach, sichen der mol nach e pur eraus...
Also Pit, neischt géint déi Grupp (ech kennen déi net) mais mir ass op den Photoen den Hannergrond zevill onroueg an ech fannen daat stéiert ganz stark. Du hätts vielleicht versichen kennen mat engem Tele an oppener Blend alles opzeléisen, mais, daat as net emmer esou einfach, je nodeem wou een steet.
Bei der NR. 5 stéiert mech den Stänner och.
Jo, den Hannergrond...et war lauter Glas, dat nëmmen gespigelt huet. Hunn och nach Fotoen mat oppener Blend gemaach (an och Tele). Muss déi Fotoen nach checken, dann weess ech do méi