Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cadzand

 
All Fotoen an dëser Serie:
17232 Thumbnail
17233 Thumbnail
17234 Thumbnail
17235 Thumbnail
Cadzand
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.06.2011
  • Gekuckt:
    13196
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Originaldatum:
    6.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Objektiv:
    Canon 24-70
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56299]
Kommentar vum Fotograf:
Vakanz ass e riwwer et ware ganz schéin Deeg zu Cadzand, a bal all Touristen hu Lëtzebuergesch geschwat :-)
NikonD80 08.06.2011 - 20:27
schéin Serie am SW Jeanny, di éischt gefält mir am beschten, elo weess ech och wou's du waars closed_eye
Jeanny 08.06.2011 - 20:55
an de Storch vu Sluis hunn ech och begéint, an zu Breskens den Hafen, herrlech Guy, Fasanen, Feldhénger, well Kanéngercher usw, wat eng schei Natur ass nach do.a net ze vergiessen däi vill Vëloen, a Lëtzebuerger däi do waren smile
NikonD80 08.06.2011 - 21:01
Alles tipptopp, mä Lëtzebuerger mussen net sinn, déi gehéieren och net zur Natur closed_eye
Jeanny 09.06.2011 - 05:56
net all Guyclosed_eye
Maimonides 08.06.2011 - 22:18
Ganz e bëssen méi nërdlech hu mir oft e Bungalow gelount a waren mat de Kanner an dem Frenzi do
(den NikonD80 iwwregens och).
Super Serie, Jeanny,
1 an 2 sin de Glanz
a well bal nostalgesch Erënnerungen.
Jeanny 09.06.2011 - 05:54
a fiert nach haut dohinnersmile
merci Charel, wier jo flott mol erëm eng kéier dohinner ze fueren, an ze kucken wei sech alles verännert huet,
fannen dass do esou vill fir Natur gemeet gëtt.
Maimonides 09.06.2011 - 11:16
Net nëmmen am Kontext vum "ZWIN" ,
kuck och hei:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Zwin
Zora 08.06.2011 - 20:33
Endlech bass de erem aus der Wakanz mat enger flotter Foto, hoffen du has vill Spass an gud Wiederclosed_eye
Jeanny 08.06.2011 - 20:57
däi 2 éischter Deeg Wolleken, duerno bloen Himmel an de leschten Dag Reen, awer vill Wand ëmmer Zora,smile merci
suraki 08.06.2011 - 20:40
en Himmel fir Biller ze maachen, a net fir am Sand ze léien closed_eye
flott Serie Jeanny, mer hunn dech hei scho vermësst
Jeanny 08.06.2011 - 21:00
do leien ech net mäi Edy,si mam Tessy iwwer de Strand gelaf, wann et net gebockt huet smile free mech, dass de erëm bei eis bass Edy
Poly 08.06.2011 - 21:12
ah d'Jeanny ass erëm do, an direkt mat schéinen Vakanzbiller smile
Jeanny 09.06.2011 - 05:43
merci et freet en, ze héieren wann e vermësst goufsmile an du kriss de nach vill ze gesinn Poly.
Maxx 08.06.2011 - 21:31
Ganz flott Serie, Jeanny, N°2 an 3 sinn top smile
Jeanny 09.06.2011 - 05:44
merci Maxx
Nathalie 08.06.2011 - 21:31
Ganz flott Jeanny, gefällt mer smile
Jeanny 09.06.2011 - 05:44
och dir en decke Merci Nathalie
Jean-Jos 08.06.2011 - 22:04
Flott Serie Jeanny, 1 an 2 gefale richtég gutt am sw.
D'Belsch an d'Hollänner an... hate keng Wakanz, dofir eben op Schratt an Tratt Lëtzebuerger, zu de Haan war dat nët anescht smile
suraki 08.06.2011 - 22:26
Maastricht war och de WE fest a Lëtzebuerger Hand closed_eye
Jeanny 09.06.2011 - 05:49
dat ass jo schlëmm, a wann se da nach net giffen sou haart schwätzensmile mir falen awer och direkt op smile
Jeanny 09.06.2011 - 05:48
merci Jean-Jos, jo sou war et, a wei däi Samschdes erëm all heem gefuer sinn, war Rou am Duerfsmile Belsch an Hollänner an... ware nach net ukommsmile
Pit 09.06.2011 - 10:50
Schéin Serie, gefalen mir gutt. Déi strahlen vill Rouh aus.
Jeanny 09.06.2011 - 19:23
merci Pit
Gwendoline 09.06.2011 - 11:00
Schéi Serie, 2 an 3 si meng Favoriten. Deen Himmel kennt schéin dramatesch eriwwer am SW!
Jeanny 09.06.2011 - 19:27
merci Gwendoline
christophebraun 09.06.2011 - 12:06
jo jo deen doten
yellow lighthouse

Jump

Jump 2
mischii 11.06.2011 - 15:13
oh, Jeanny, dat war awer elo schnell gaang, ech gesin et huet Dir gudd gefall, an den Wand vum Mier hues de nach e bessen an den Hoer
1 an2 gefaale mir och am Beschten
Jeanny 13.06.2011 - 18:22
jo, Vakanz geet ëmmer esou schnell eriwwer, merci Michèle
Mochel 16.06.2011 - 10:12
eng flott Serie mee irgendswei as et do normal dat do all Mensch Lëtzebuergesch geschwaat huet. Do verstin se ons Sprooch esou guer besser ewei verschiddener hei an onsem eegen Land closed_eye
Jeanny 16.06.2011 - 19:40
Merci
hätt ech missen testen smile,
war fir éischt do, an et huet mir ganz gutt gefall.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 506 Gäscht online