Wéieng Astellungen haas du? Deng Fotoen sinn nitt wierklech schäerf, an da kann een Sportsfotoen amfong schon vergeessen...mee waas du méi Fotoen mess vum Velo, waaten se besser ginn Mee éischte Punkt ass d'Schäerft an dono kanns du dir och méi Gedanken emt de Cadrage maachen. Du schneids de Velo emmer oof, heiansdo ass daat gudd, mee op baal all Foto ausser di éischt an di zweet hei, daat gett mat der Zäit langweilech Mee du hues jo nach 2 Deeg des Woch fir daat ze üben
Ma, dei sen am ufank geholl gin. Also photon sen mat: ISO400, 1/320s an F/4 geholl gin.
Ass dei eisten keier wou ech wierklech photoen vun velo probeieren. Mee sportsphotographie ass allgement en domaine deen ech gären hun. An do ass nach vill verbesserungen dran.
Sen mer awer mach net eens op een se effektif soll am heischen Wee huelen oder net. Schneiden oder net. Hängt wahrscheinlech wierklech vun den Fäll oof.
Merci awer fir dein Komentar.
Hmm, ech ginn normalerweis ni ennert 1/500s, soss ass d'Gefoor eben grouss, dasse se onschäerf ginn (ausser du wells matzéien, wi zB am Focus senger Serie iwwert den Jempy Drucker, mee daat ass jo da rem eppes ganz aaneschters)...
Jo daat muss du gesinn, op lo héiche Wee oder nitt, mee pass einfach drop op, dass du nitt emmer daat selwecht mess