Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Op der Pirsch...

 
Op der Pirsch...
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.04.2006
  • Gekuckt:
    18365
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    667x1000
  • Späicherplaz:
    426 KB
  • Originaldatum:
    28.04.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=5600]
Kommentar vum Fotograf:
Hun op enger Distanz vun +- 120m Réi gesin, an hu mech do um Bauch leiend op +- 50m duerch d'Gras un se erugerobbt... Déi Déieren sin immens messtrauesch, an dofier huet déi Aktioun +-30minuten gedauert, wou ech Meter fier Meter méi no komm sin... dat war einfach genial!! Hat natierlech kee Stativ, an et as schon sou lues däichter gin, dofier as d'Qualitéit bescheiden mee bon... et goung méi em den Exploit =;o)

As sou net immens scharf... op d'Foto clicken, méi grouss as se besser!
elmuzo 29.04.2006 - 16:26
Ma däin Exploit ass jo belount gin. Eng Foto déi déi Atmosphär erem gett déi s'de beschriwen hues. Mat engem firwetzegen Bléck closed_eye
dendan 29.04.2006 - 17:21
Tjo, an all Kéier wann ech 1-2 Meter gemach hun, huet en sou fierwetzeg gekuckt... an dann huet et geheescht "net bewegen"... an zwar de Fotograf an net de Sujet =;o)
Charly 29.04.2006 - 23:21
Och wann en teschnech net perfekt ass, een super Schnappschoss wéi en esou muncher een gäre mache wellt. Respekt fir d'Gedold (déi jo och belount gin ass). Fir dann och nach un den Cadrage ze denken, deen kinnt net besser sin!
dendan 30.04.2006 - 03:03
Merci fier d'Blummen =;o) D'Foto as out of the Box... hun just e bessen d'Hellegkeet eropgesat an besse nogeschärft! De Cadrage hun ech des Kéier effektiv net brauchen ze änneren =:o)
BlueAkane 03.05.2006 - 17:06
Daat nennt en Gedolt! Respekt, irgendwann huet en fun der Opregung den Bauch wei closed_eye oder? Wei ass dann dun fort gelaaf?
dendan 04.05.2006 - 00:49
Se waren zu 3, an zu engem gewesse Moment haten se mech dann awer bemierkt an sin an de Bësch hannendru verschwonnen!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 531 Gäscht online