Dat do wier am Fong d'Gelegenheet gewiercht fir d'Posch nach eng keier matzehuelen .. wou ass déi Saach iwwerhaapt drun ? Hun schon laang näischt méi héieren
Gär geschitt. Ech sinn e bëssi liddereg an wollt mech och net widderhuelen. Bei der leschter fannen ech schued dass den Fokus op der Hand läit an net op den Ae vum Doro. Ech weess... bei sou enger schéiner Fra huet een heiansdo Problemer mam Fokus... *lol*
Bei der drëtter Foto fannen ech den Bléckkontakt ganz flott well dat jo net sou oft de Fall ass bei Concertsfotoen wou et jo meeschtens drëms geet dass d'Luucht an de Moment (och Pose) stemmen. Bléckkontakt ass jo do éischter en sielent Geschenk.
Jo ech ginn der Recht, den ganzen Weekend woar een Challenge mat dem futtisen Viewfinder Photoën ze machen, hun awer iwwert 5000 Biller sou gemach an ech hun ee Sonndeg zwou ganz Bands esou versaut wëll ech och nach ob Manual Focus stoën hat an ët mer net obgefall ass. That's life ...
Kuck den Owend eng keier ob HM eran ... do sinn nach ee puer flotter ... muss just dozou kommen fir se endlech online ze setzen