wowowoowow
daat as ganz menges,
néen, nët dat daat och mein Hobby wier,
mais, ech dréeme -vu Kand un - vu sou äpes
wonnerbar Aarbecht weist du eis hei
dei Détailer sin immens, geseit bal aus wei -richteg, virun allem
dei drëtt !!
as daat bei dir dohéem oder an engem Club ?
Merci,
et handelt sech bei allen Anlagen ëm Ausstellungsanlagen déi an Modulform gebaut ginn sinn. Leider hunn ech doheem keng Plaatz fir dat alles opzeriichten...
Eng gutt Adress fir sou eppes 'live' ze erliewen ass ëmmer am November zu Walfer op 'Expo-Trains Luxembourg'
(déi 3te Foto ass en Deel vun enger Anlag vun engem Kolleg, dem ech gehollef hat)
Méi dozou:
www.modellbahnfreunde.net
et muss een bei verschiddenen tatsächlech schon 2x hi'kucken fier ze mierken dass et Modeller sin (dei 2 lescht z.B.)
Virun e puer Joer wore mier fier d'eischt am Miniatur Wunderland zu Hamburg ... absolut phantastesch musst du als Hobby-Eisebunner onbedengt hin falls de nach net do wars