Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vanderbuyst (Saxon support)

 
Vanderbuyst (Saxon support)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.05.2011
  • Gekuckt:
    47847
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    1000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    486 KB
  • Originaldatum:
    2011:05:20 12:38:42
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm f/2.8
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55598]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach eng Concertsphoto vun der Band "Vanderbuyst" der Virgrupp vun Saxon geknipst den Mëttwoch an der Garage zu Saarbrécken. Si huet mir firun allem weinst der Expressioun, der Energie an der Dynamik esou gudd gefall.

Den Recht vun der Serie fannt der hei:

Saxon & support @Garage (Saarbrücken) 18.05.2011
Pit 20.05.2011 - 17:20
Déi gefält mir super, do as Power dran.
Schluck 20.05.2011 - 18:09
Merci Pit, freet mech dass dat eriwwer kënnt
Jeanny 20.05.2011 - 18:00
fir wat jäizt hien esou smile wonnerbar Schluck
Schluck 20.05.2011 - 18:11
D'ass ëm grad een Hummer ob d'Zeiwen gefall, dat gesais hei nët duerch den Crop closed_eye Merci Jeanny
Jeanny 20.05.2011 - 18:51
bigsmile
He-Lx 20.05.2011 - 18:12
Fannen d'Bewegung an d'Statik an engem exzellenten Equiliber. Luucht a Foarwen sin och tiptop.
Schluck 20.05.2011 - 18:15
Merci gesoot Henri, d'Bewegungsonschaerft vun der Hand an den Hoer ginn dem Bild hei d'Energie.
He-Lx 20.05.2011 - 18:19
Genau an dat ess e flotten Effet.
Schluck 20.05.2011 - 18:23
Jo, ech gesinn dat och esou, dofir ginn ech och rar iwwert 1/200, souguer mechtens just 1/160 ... dat geet duer fir dei Graff Bewegungen anzefreierën an trotzdem kriss de eng interessant Bewegungsonschärft bei denen schnellen Bewegungen vun der Hand oder den Drumsticks
He-Lx 20.05.2011 - 18:25
Gudden tuyau. Muss ech mer mierken, wann ech dann emol emol sollt Concertsfotoe probéieren.
Schluck 20.05.2011 - 18:29
Ass natirlech och een Deel duerch dei Deelweis schlecht Luuchtbedingen, mais wann d'Luucht besser ass profiteieren ech leiwer vun enge mei zouëner Blend fir mei Deiftenschaerft oder mei niederegen ISO fir manner Rauschen
He-Lx 20.05.2011 - 18:32
Ech kann mer viirstellen, dass je no Beliichtung net vill erauskënnt. Heefeg ass och zevill Shied op de Gesiichter duerch d'Géigeliicht Spoten.
Zora 20.05.2011 - 20:19
Hat deen Péing, sou wéi deen jeitzt, super Obnahmclosed_eye
Schluck 23.05.2011 - 10:29
Hehehe ... kuck wat ech dem Jeanny geschriwwen haat ... D'ass ëm grad een Hummer ob d'Zeiwen gefall, dat gesais hei nët duerch den Crop bigsmile
GarrySchroeder 20.05.2011 - 20:37
Perfekt Foto , gratulatioun !
Schluck 23.05.2011 - 10:30
Merci Garry, freet mech ! Merci och fir den Fav
gi87 25.05.2011 - 23:12
Geil Action Festgehallen ! Fannen se den Hummer !!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 449 Gäscht online