Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

den hat Ausdauer !

 
All Fotoen an dëser Serie:
15519 Thumbnail
15520 Thumbnail
15521 Thumbnail
den hat Ausdauer !
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.05.2011
  • Gekuckt:
    14085
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    05-05-2011
  • Fotoapparat:
    PENTAX K10D
  • Objektiv:
    Tamron 90mm Makro
Kategorie: Déieren »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55213]
Kommentar vum Fotograf:
ech war den Moien mam Hond raus, hat DSLR mam Makro derbäi mat der Idii fir Schmetterlingen ze knippsen. Hat der och puer am Bösch fonnt, leider waren déi immens wibbelech, krutt keen richtig viran d'Lëns. Hat d'Saach well obginn, duerch Zoufall hat ech gesinn dass sich een ob der Hondslénk festgesaht hat, an dem hat et immens do gefall, do mussen Pollen dran gewiescht sënn well säin Rüssel war déif an der Hondslénk dran an hien war iwwert een hallwen Kilometer mat gangen. Eng floot Geschicht.
nomihoudai 05.05.2011 - 23:52
Dierft ech froen wou deen doten an Letzebuerg gesin guff ( Gemeng ) wann et a Letzebuerg war ? Ech haat vlait welles un engem Kaarteprojet ze schaffen fier ze kucken weieng Paiperlecksarten et sait 1981 nach zu Letzebuerg gett an Boloria ( d'Gattung fun deem do ) hun ech nach net gesin ! Äntwert gären per PN.

Daat mam Pollen as sou net richteg, Paiperlecken as Pollen zimlech egal, et sin keng Beien ; ) Un da Hondslenkt war wahrscheinlech iergendeng Kierperflessegkeet di bessi Salzen haat an den Paiperleck ugelackelt hued, di brauch en nämlech.
rabbit 06.05.2011 - 06:56
Merci fir déi Erklärung, ech hann den heiten zweschen Munzen an Drauffelt begéint. Nach eng Feststellung, et ginn nitt méi vill Schmetterlingen, viran 30 Joer gouf et dach nach immens vill
nomihoudai 06.05.2011 - 11:06
Ok Merci ! Da kann et sin datt ech ma di Saach emol den Weekend live ukucken. Tescht Munzen an Drauffelt, besser gesot nach Kiischpelt derbai war emt 1981 d' Haaptverbreedung fun fillen Paiperleckszorten di et soss neirens am Eisleck/Letzebuerger Land gouff, et as also eng interessant Platz.

Iwer d Paiperlecksunzuel firun 30 Joer kann ech net kommenteiren vue que datt et mech do nach net gouff, mä ech kann soen datt laider eng parti zorten fun deemols fu mir nach net remfonnt konnten gin.

Fier awer lo net ee ganz negativen Kommentar ze machen kann ech soen datt naier derbai kommen duerch een wahrscheinlech mei warmen Klima, den Brenthis daphne hued et scho bis d Saarland gepackt an keint et och vlait bis Letzebuerg packen.
Schluck 06.05.2011 - 08:57
Mengs du mat Kaartenprojet den Projet vum Naturmusée ?
nomihoudai 06.05.2011 - 11:10
Hai war elo een privat gestarten Projet, deen awer wahrscheinlech dann herno beim Musée sengem mat afleisst. Ech wees net genau waat den Musée momentan mescht mä et war ma mol gesot gin datt se Transsekt-Begeher ageriischt hätten ( Lait di all daag een Treppelwee gin an dann all Paiperleck opschreiwen dee se do gesin ).
Schluck 06.05.2011 - 08:56
Ganz flott Serie Rabbit, dei eischt gefällt mer am Beschten
bigmama19420205 06.05.2011 - 12:04
an daat om Hond senger Lingt!!!!
Jeanny 07.05.2011 - 05:55
an däi éischt ass super ginn, eng herrlech Serie
ech fannen dass et dëst Joer, nach net vill Pimpampelen ginn unhappy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 552 Gäscht online