okay..ahhh ma daat kann sin..kennen mech do net esou aus..mee ass awer dann do an der geigend..kuken daat dann nach eng keier noo an enneren daat dann..merci fir bescheed ze soen
Ech fannen d'Foto ganz flott , géif mer perséinlech besser gefaalen ouni d'Vignette. Mais comme toujours : Affaire de Gout.
An esou eng schéin Foto kéint ech guer net maachen : Hun nämlech eng RapsAllergie an stierwen schon baal wann ech an der Géigend vun engem Feld sin
ahh okay..io ech misst et weinstens ebessi manner maachen dann wei den MIPI daat och seet..
hehe io daat ass natierlech en groussen noodeel wann een eng Rapsallergie huet an dovuner gearen eng Foto geng maachen(:
okay verhaalen mer daat dann fir d'Vignette ebessi manner ze maachen..wann ech elo sou opd foto kuken fällt et mer och iegentswei mei op dass et ze vill ass..merci fir daat z'erwähnen.
D'Vignette ass fir mech och ze staark, eng méi dezent mecht awer bestëmmt ganz gutt, an eng méi minimalistech Ennerschreft wier net vu Mutwell, soss e ganz flott Bild