Wat heescht dat, "hir beschten Deeg"?? Egal wéi se ausgesin, si droen awer nach ouni ze kloen d'Laascht vun de Pilger an deenen aanere Virwëltzechen. Méch impressionnéiert dat, wéi's du di eidel!!! Still hei virun deem "Gottespalast" vum Michelangelo duerstells. Onofhängeg dervun, wéi een zu Gott, Glawen a Kiirch agestallt ass, gesin ech hei an dëser Serie déi Symbolik, datt viru Gott d'Mënschen all tsellwécht sin, duergestallt. Mir arm, plakech a vum Liewen zerkraatzt a gezeechent Mënschen, déi irgendwann, egal wéi wäit mir et op dëser Welt bruecht hun, alleguerten vu Wierm geknabbert an biologesch ofgebaut gin, an dann am Géigesaatz derzou de Räichtum an d'Pracht an déi am Steen ugedeiten Onvergängléchkeet vun deem, wat mir Mënschen eis ënner Gott virstellen. D'Still gi weggedroe, wann den Urbi et Orbi gesprach ass, awer de Péitersdoum bleift stoen. Ob dat elo absichtléch oder zoufälleg geschitt ass, méch markéiert et och nach, datts du op énger Initialfoto vun der Serie dat Wuert "Principis" op der Friis iwwert de Sailen mat op d'Foto bruecht hues. Ursprung, Grondsatz, Chef, Éischten...
Lo halen ech awer op, net datt ech nach op eemol hei an dat Philosophescht ofdriften.