Et gesäit aus wei wann Kiischpelt géing no rechts an en Lach rutschen.
Ech géing dat ganzt en bësselchen méi no lenks dréien. An d' Stësflécken vun dengem Sensor ewech stempelen daat as bei sou engem groen Himmel keen Problem. Mais wat wëlls du ons eigentlech mat dëser Foto weisen?
Naischt fier ongut mee, déi Serie fannen ech leider och net gut. Do haett ech opp bessert d'Wieder gewaart an se och am Picasa wéinstens riccht gerëckelt.
Ech huelen mol un du hues déi mat denger aaler kamera nach gemaach well se sin och nach leider schrecklech onscharf gin.
Allerweltsphotoen vum Feinsten ! Fier mech sinn se all onscharf, an déi 2 éischt kippen no riets, an déi lescht no lenks.
Et deet mer leed, mais ech sin nun emol keen "Schmusikritiki", och wann daat hei vielleicht net den Standard ass.
Mais neischt fier ongutt !
Ech geing an denger Platz mech erem ob eenzel Motiver konzentreieren, dei's de bei Weitem besser hin kriss, net ob gin, naischt fir ongud, awer hei muss ech deenen aaneren Recht gin
Dofir ass Photogen do Ech hunn och nach vill ze léieren mat menge Fotoen, mee heiansdo kann ech och Leit weiderhellefen, an da sinn ech frou, wann si d'Kritik unhuelen an draus léieren
ech wert lo doudsëcher nët nach méi soen wéi déi aaner, mir ass just eppes opgefall, ech fannen nie deng exif-donnéen, déi kënnen awer hëllefraich sin fir engem en tuyau ze gin
sinon, looss dëch nët découragéiren, fotoen maan ass e schéinen hobby!
Jo ech sin jo am Moment mei mat Kachen beschäftegt. :-( Waat deng Fotoen do ugeet kann ech leider och nët vill méi dozou soen wéi meng Viirgänger , sin wirklech net schoarf an däin Dööref rutscht wirklech fort mais ech kann et och net vun hei aus dem Süden unhaaaaaaaleeeennnn...
Tschëffft ! Lo as et fort !
Am eecht ech wees du verstees Spaass an du hues jo och mat aneren Fotoen schon bewisen dats de um Wee bas et besser kënnen ze maan ewei déi do. Bleiw drun , du mëchs dat. Ech gleewen un dech an déer schéiner Natur hues de jo genug do owwen vir nach vill schéin Fotoen ze machen. Allez , an déi next un Ugreff geholl , et kënnt jo emmer en neien Rootschlaag dobäi