Ech di mech schwéier mat villen Makrofotoen, hei giff ech fannen dass d'Motiv ganz ok ass, mee dass du dech nach méi dermat auserneen setz a puncto Cadrage an Beliichtung villäicht probéieren een aaner Hannergrond ze kréien oder nach méi no drun...
Schwéier ze soen, vu dass ech nitt wierklech am Makrogeschier dra sinn... mee et ass mir ze einfach cadréiert (ech si mir awer bewosst, dass et extrem schwéier ass eng gudd Makrofoto ze maachen!), do zeelt och den Hannergrond derbäi, ech wees lo nitt richteg wéi ech daat kann besser erklären...
Di richteg Luucht ze fannen ass d'Aufgab vum Fotograf Wanns du dem galileo seng Fotoen zum Beispill engkéier kucks, seng richteg gudd Macro'en hunn och eng besonnesch Liichtstemmung, wou en op dee richtege Moment gewäerd huet...