Daat héiten ass en sougenanntenen Rüsselkäfer (genauen Numm wess ech leider net) deen ech am Tortuguero Nationalpark an Costa Rica gesin hun an deen mir zimlech gudd gefall huet.
D'Rüsselkäfer sin di Artenraichsten Famill op da Welt, all 6. Déier op dessem Planeit as ee Rüsselkäfer. Also jidereen deen nach keen gesin hued einfach d'Aan opmaan ; ) (Ais Letzeboyer Zorten sin leider all zimlech kleng geroden, just puer Millimeter ganz oft )
wuah flott Krabbeldéierschen do festgehaal!
fannen den "kontrastlosen" Hannergrond interessant....mecht daat ganzt mei ongewinnt (fir mech passt sou een säftegt gringt Blaat och gudd derbai - mee daat hai as mol eppes naitz)
Ma villmols merci
Jo combi mat manner kontrasréichen Hannergrond huet mir am Fong besser gefall wéi mat säftegem Gréngs (sou haat ech se als éicht probéiert)
Schein gesinn. Ech wees lo net genau, wei grouss daat Veih as, mee sinn mer zimmlech secher, dass mer zu Letz där och hun. Natierlech weitaus mei langweileg vun de Faarwen hier