1) Do hätt ech den henneschten Deel fum Aascht mei schaarf gema, well soss kennt den Effekt mat der selektiver desaturation net natierlech riwwer (onschaarf kannten sinn net fier sou eppes gemat)
3) Vlt mei genau schaffen an dei puer Äscht ennen gro loossen, fier dass wierklech nemmen den Bamstamm farweg bleift. Evt hätt ech nach bessen mei Buedem/Grond an d'Bild bruet.
Ech perseinlech fannen d'Fotoen gudd, ambeschten gefällt mer dei 2. weinst dem "Teppesch" Effekt.
Ech fillen mat da bei mir as et genau daat selwegt. Fannen et o bessen schued mee bon.
Also ech fannen deng fotoen ok bis gud di 1 fannen ech tiptop, di 2 as interessant well een daat sou vleit na net, oder net oft gesin hot. Also ech op allen fall net an di letzt as flott winst den faarwen vun stamm.
Firwat wahrscheinlech keen kommenteiert as well di 1 zwar schein as, ewer oft esou fotoen rop gelueden gin an wahrscheinlech dowinst als "net interessant" empfond gin.
Di 2 fannen ech perseinlech gud, weist ewer o net wat ech ausser "dei as gud" kinnt kommenteieren.
An di 3 as halt eischter langweileg... Ech fannen dats de den stamm haes kennen anescht am bild plazeieren, ennen feelt ma eppes an en steet halt bessen zevill metteg.
Charel_L !
weinst dem "Teppesch" Effekt :Tjo , esou gëtt de Moos halt vun Gring zu Groo. Mär huet deen Fräsch-Champignon immens gefall an bei der 3. Foto duercht ech esou wärt et ausgesin wann et och hei mol doiwwer bei den Fransousen rummst sou wei grad aktuell an Japan...
Fir de Rescht , Merci fir d'Ureegungen , du hues nawell recht , insbesonneg mat deem mei genau schaffen
Merci gesoot !
Merci och un dech ZachOry !
De Problem as munchmol och ,wann een wei ech bei déer 3. Foto ennen um Buedem an deenen Sch... Dornen louch , keen aaneren wees wei wéih et gedoen huet fir dei an Köscht ze kréien. Lenks an riechts dovun war et onméiglech mat einfacher Jeansbox doduerch ze kommen , dofir mëtteg Hun elo nach 5 déer Plazen vum Gepiiks
Mais ech mengen dat kennen hei dei meescht.
An..Merci fir Matgefill