Nikon ech stutz haut 3 Stonnen zu Remerschen, an hu mer den A... erweschgefrour,
5 Maisercher hunn do gespillt, a ech hu just Biller wou se do setzen. Elo schätzen ech deng Biller nach méi !!
Merci
ech souz Gott säi Dank hannert der Fënster op engem Stull an hätt dat doten net mat engem analogen Apparat gemaach, 3/4 vun de Fotoen kanns de wech geheien.
Ech hunn eng Plaz wou d'Vullen ëmmer erëm setzen kommen, an eng Plaz mat engem "Snack". Do zwëschen (ca 80 cm) probéieren ech se ofzeschéissen