Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Kampf ugesoot

 
All Fotoen an dëser Serie:
13371 Thumbnail
13372 Thumbnail
De Kampf ugesoot
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2011
  • Gekuckt:
    13261
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    2.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Objektiv:
    Canon100mm
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53338]
Kommentar vum Fotograf:
Eis Gemeng huet de Kampf géingt Hondsdrecker lancéiert
op dem Wee gesitt dir iwwerall Pëllercher stoen.
ech weess net op een se all Dag erëm nei markéiere geet.

( hunn, an hat nach ëmmer Tuten derbäi:-D
Poly 25.02.2011 - 17:20
huha muss eng déierefrëndlech Gemeng sinn, wann en dat jon muss op de Feldweeër maachen, demnächst wäert och de Bësch drukommen bigsmile
Jeanny 25.02.2011 - 17:37
jo, sou ass et, an se leien net um Wee
Maimonides 25.02.2011 - 20:03
Dat do war Tessy sécher net, Jeanny,
och net virun der Tut.
closed_eye
Jeanny 25.02.2011 - 20:29
wann et net grad op der fräier Gewann ass, rafen ech seng ëmmer op
do um Wee am Gras, dat ass alles vu grousse Muppen, an dat gi Kéip smile
Zora 25.02.2011 - 17:23
Hei an Esch ass daat ganz schlemm, do muss de mat den Aaen um Trottoir goen, soss treppels de all 2 Meter an een Koup, gud gesinclosed_eye
Jeanny 25.02.2011 - 17:43
jo ech hu schonns héieren dass et zu Esch se schlëmm wier, bei eis hunn se elo Tuten dohinner gehaangen, hat der awer och schonns am Virgäertche leien
Zora 25.02.2011 - 17:55
Oh Tuuten hun mär och iwerall stoen, an daat war et och schonssmile
Maimonides 25.02.2011 - 20:06
Dann ass et alt gutt, Zora,
dass Esch net di belsch Plage ass,
well soss géif et zimlech deier ginn.
closed_eye
Zora 25.02.2011 - 20:12
Jepbigsmile
Quaffit 25.02.2011 - 20:58
Daat Schlemmst waat ech je gesin hun war zu Leek virun e puer Joer. Da loungen mindestens 4 Kéip op de qm. An heiheem um Duerf hun ech och schons mussen muenche Leit mat domat drohen hinnen hier Hinterlassenschaften an den Hals ze stoppen wann se hieren Köter net entwzousch anescht kacke loossen wéi virun eiser Garagenafahrt. Daat haat nawell gewirkt, hehe bigsmile
Zora 25.02.2011 - 21:25
Wees de d'Henn wessen et jo net besser, wans de eppes sees, dann bezuelen se all Hondsstéieren, mär bezuelen ich Stéieren, scheissen awer dofir kengem virun Dierclosed_eye
Jeanny 26.02.2011 - 09:12
smile fannen dat ëmmer onverständlech vun de Leit, an den Hond ka net derfir, "wie der Herr so das Gescherr" smile
Quaffit 26.02.2011 - 11:45
Jo natirlech as et net den Hond den Schold as. Et gesäit een just ganz gudd do drunner wéi egoistesch den Mensch as - resp. emmer méi gin as. Jidderengem as alles schäissegal gin - an desem Fall esouguer buchstäblech. Mir haten och en Hond, awer den war erzunn an huet sech emmer Hecken gesicht fir ze kacken an do säin Arscht dragestach, esouguer wann en mol aleng dobausse war. Et as daatselwecht mam Femmen.... Ech hun et schons erliewt dass een Gemengenarbechter, mat dem ech do stoung ze schnëssen virun menger Dier an am Gespréich säin Stomp einfach op de Buedem geheit huet. Ech hätt en alt ausgedréckt, opgeraaft an an d'Dreckskescht geheit well déi stoung net wäit.
De Mensch as an sengem Egoismus net ze toppen.... Leider!
Jeanny 26.02.2011 - 12:19
du sees et, an et gëtt ëmmer schlëmmer, a wann s de eppes sees ginn se direkt frech an aggressiv
Quaffit 26.02.2011 - 12:39
Jo d'Aggressivitéit an d'Frechheet as den aneren groussen Problem. Et freet een sech just FIRWAAT! Wou drunner läid daat dass gudd Manéieren emmer méi d'Baach agin? Un der anti-autoritärer Erzéihung déi lo schons säit e puer Generatiounen hieren negativen Impakt weist? Wann een emmer maache geloos get waat een wellt an nie Grenze gewiesen kritt, kann een och keng kennen.... Awer et as secher net nemmen daat well mir fällt op dass et ganz egal as op jonk oder aal, Assi oder Normalo, räich oder aarm, deen Phänomen zitt sech wéi en rouden Fuedem durch all Generatiounen an sozial Schichten. Et as mir schons virkomm dass eng gudd gekleedten äler Madame ouni Grond domm a frech gin as an en HipHopper-Bubi vun der No-Manner-Generation mech ganz manéierlech mat "Wann-ech-gelift" a "Merci" eppes gefroot huet.
Jeanny 26.02.2011 - 20:17
ech giff soen et ass dei ganz Hektik a Stress an däier heitigen Zait, den iwwerdreiet sech op jonk an aal.
Quaffit 26.02.2011 - 20:37
Fir mech as daat kee Grond, Jeanny. Jiddereen huet Frust, jiddereen as méi oder manner belaascht - daat awer un aneren oder un aneren Saachen wéi Sportgeräter erauszeloosen halen ech fir total falsch. Awer ech kruut schons oft vun eisen franséischen Kolleginnen an Kollegen erzielt, dass hier eegen Landsleit, déi et als groussen Privileg gesin hei am Land schaffen ze därfen, sech opféieren wéi d'Schwäin dem Zuchpersonal géigeniwer, besonnesch wann se bis d'Grenz passéiert hun. Da loossen se hieren ganzen Frust vum Daag eraus, blärren an toben.
Jeanny 26.02.2011 - 21:25
dat heiert sech jo schlemm un, da wees ech net wat lass ass.
Quaffit 26.02.2011 - 22:43
Oh Jeanny d'Öffentlechkeet kritt ausser Liggen vun der Eisebunn net vill mat an d'Press get och net alles weider. Mir sin do mat wirklech vill Wouscht gehäit an et gin där emmer méi. Wann eis Zich nuets net géifen verriggelt gin, géifen d'Junkie'en do dran pennen an dass an den Zich gekatzt get ouni Hemmungen a Leit esouguer an d'Sëtzer resp an déi kleng Dreckskeschten pissen hun mir och des öfteren. Eis Botzequippen hun all Hänn voll zedin aus denen mobilen Dreckskeschten rem en propperen Zuch ze maan nodems mir e puer Ladungen Mensch gefouert haaten. Do drun mat Schold sin déi schlau Kätonguep déi irgendwann op déi gehierverbrannten Idee koumen gratis Zeitungen ze verdeelen well déi leien herno an all Zuch op de Sëtzer an um Buedem wann eis Clientèle se gelies huet - daat zousätzlech nach zu all dem aneren Offall den se einfach leie loosen. A wann een dann aus dem Zuch erausklemmt muss een oppassen dass een net op der Rotz um Quai ausrutscht.... Ech haat mol de Fall dass eng jonk Franséisin sech op en Sëtz gesaat haat, den plätschnaass war. Daat aarmt Framensch war naass bis an de Réck. Mir hun dun erausfont dass do esou en wirkleich ruckelzegt Framensch an de Setz gepisst haat well deemols d'Toilette am Zuch defekt war. Daat Meedchen as baal gestuewen vun Ekel.
Jo esou as d'Liewen an eisem Wohlstandsstaat - leider unhappy
Jeanny 27.02.2011 - 15:07
wei schlëmm, do kann e nëmmen de Kapp rëselen, hunn däi kee Gehir do dran, a wei geseet et bäi deenen doheem aus, ech well et net wëssen. fuere ganz seele mam Zuch, wann ech an Stad fueren, huelen ech de Bus.
Fueren awer elo am Mäerz op Hamburg mam Zuch, dat lescht wou ech gefuer sinn war mam TGV op Paräis, dat war tip top.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 605 Gäscht online