Eis Gemeng huet de Kampf géingt Hondsdrecker lancéiert
op dem Wee gesitt dir iwwerall Pëllercher stoen.
ech weess net op een se all Dag erëm nei markéiere geet.
Daat Schlemmst waat ech je gesin hun war zu Leek virun e puer Joer. Da loungen mindestens 4 Kéip op de qm. An heiheem um Duerf hun ech och schons mussen muenche Leit mat domat drohen hinnen hier Hinterlassenschaften an den Hals ze stoppen wann se hieren Köter net entwzousch anescht kacke loossen wéi virun eiser Garagenafahrt. Daat haat nawell gewirkt, hehe
Wees de d'Henn wessen et jo net besser, wans de eppes sees, dann bezuelen se all Hondsstéieren, mär bezuelen ich Stéieren, scheissen awer dofir kengem virun Dier
Jo natirlech as et net den Hond den Schold as. Et gesäit een just ganz gudd do drunner wéi egoistesch den Mensch as - resp. emmer méi gin as. Jidderengem as alles schäissegal gin - an desem Fall esouguer buchstäblech. Mir haten och en Hond, awer den war erzunn an huet sech emmer Hecken gesicht fir ze kacken an do säin Arscht dragestach, esouguer wann en mol aleng dobausse war. Et as daatselwecht mam Femmen.... Ech hun et schons erliewt dass een Gemengenarbechter, mat dem ech do stoung ze schnëssen virun menger Dier an am Gespréich säin Stomp einfach op de Buedem geheit huet. Ech hätt en alt ausgedréckt, opgeraaft an an d'Dreckskescht geheit well déi stoung net wäit.
De Mensch as an sengem Egoismus net ze toppen.... Leider!
Jo d'Aggressivitéit an d'Frechheet as den aneren groussen Problem. Et freet een sech just FIRWAAT! Wou drunner läid daat dass gudd Manéieren emmer méi d'Baach agin? Un der anti-autoritärer Erzéihung déi lo schons säit e puer Generatiounen hieren negativen Impakt weist? Wann een emmer maache geloos get waat een wellt an nie Grenze gewiesen kritt, kann een och keng kennen.... Awer et as secher net nemmen daat well mir fällt op dass et ganz egal as op jonk oder aal, Assi oder Normalo, räich oder aarm, deen Phänomen zitt sech wéi en rouden Fuedem durch all Generatiounen an sozial Schichten. Et as mir schons virkomm dass eng gudd gekleedten äler Madame ouni Grond domm a frech gin as an en HipHopper-Bubi vun der No-Manner-Generation mech ganz manéierlech mat "Wann-ech-gelift" a "Merci" eppes gefroot huet.
Fir mech as daat kee Grond, Jeanny. Jiddereen huet Frust, jiddereen as méi oder manner belaascht - daat awer un aneren oder un aneren Saachen wéi Sportgeräter erauszeloosen halen ech fir total falsch. Awer ech kruut schons oft vun eisen franséischen Kolleginnen an Kollegen erzielt, dass hier eegen Landsleit, déi et als groussen Privileg gesin hei am Land schaffen ze därfen, sech opféieren wéi d'Schwäin dem Zuchpersonal géigeniwer, besonnesch wann se bis d'Grenz passéiert hun. Da loossen se hieren ganzen Frust vum Daag eraus, blärren an toben.
Oh Jeanny d'Öffentlechkeet kritt ausser Liggen vun der Eisebunn net vill mat an d'Press get och net alles weider. Mir sin do mat wirklech vill Wouscht gehäit an et gin där emmer méi. Wann eis Zich nuets net géifen verriggelt gin, géifen d'Junkie'en do dran pennen an dass an den Zich gekatzt get ouni Hemmungen a Leit esouguer an d'Sëtzer resp an déi kleng Dreckskeschten pissen hun mir och des öfteren. Eis Botzequippen hun all Hänn voll zedin aus denen mobilen Dreckskeschten rem en propperen Zuch ze maan nodems mir e puer Ladungen Mensch gefouert haaten. Do drun mat Schold sin déi schlau Käp déi irgendwann op déi gehierverbrannten Idee koumen gratis Zeitungen ze verdeelen well déi leien herno an all Zuch op de Sëtzer an um Buedem wann eis Clientèle se gelies huet - daat zousätzlech nach zu all dem aneren Offall den se einfach leie loosen. A wann een dann aus dem Zuch erausklemmt muss een oppassen dass een net op der Rotz um Quai ausrutscht.... Ech haat mol de Fall dass eng jonk Franséisin sech op en Sëtz gesaat haat, den plätschnaass war. Daat aarmt Framensch war naass bis an de Réck. Mir hun dun erausfont dass do esou en wirkleich ruckelzegt Framensch an de Setz gepisst haat well deemols d'Toilette am Zuch defekt war. Daat Meedchen as baal gestuewen vun Ekel.
Jo esou as d'Liewen an eisem Wohlstandsstaat - leider
wei schlëmm, do kann e nëmmen de Kapp rëselen, hunn däi kee Gehir do dran, a wei geseet et bäi deenen doheem aus, ech well et net wëssen. fuere ganz seele mam Zuch, wann ech an Stad fueren, huelen ech de Bus.
Fueren awer elo am Mäerz op Hamburg mam Zuch, dat lescht wou ech gefuer sinn war mam TGV op Paräis, dat war tip top.