NERFT? ; mech zwar guer net ; mach du roueg weider! Fannen deng Fotoen interesant ! Schéin Kanzel, leider Probleem mat der krommer lenker Sait, mais Bon get et do eng Alternatief?
Och wann do stürzende Linien dra sin, as dat awer eng Foto, un där näischt auszesetzen as. Ech géif esou guër soën, datt grad dat déi Dimensioun "Paschtouer op der Kanzel" ennersträicht. Domat wëll ech elo keng philosophesch Diskussioun ustachelen. A wann d'd'Kiirchemaueren riicht stin, dan as den Himmel vum Priëdegtstull kromm, an dann as dat wa méiglech de "Stein des Anstoßes". Nee, nee, et as scho richteg a gudd, wéi di Foto hei kadréiert as. D'Farwe sin immens an de softeffekt durch den DRI passt bei de Sujet wéi d'Fauscht op d'Aa.
A jo! Di Lënster Kiirch as esou ee Bijou aus dem Barock niëwent Kärch, Munneref an dem Staadgronn, do kanns du eis roueg nach méi dervu weisen. Du solls dech net froen, ob's du eis mat de Kiirchevuën nerfs, mais vun Zäit zu Zäit e stëmmungsvollt Bild aus engem konschtvolle Gotteshaus, dat huët nach kengem geschuëd.
Ech ka mech de Virriedner nëmmen uschléissen: jhust schued, datt dës wonnerschéi Kiirch aus wat fir Grënn och ëmmer scheinbar nët esou gutt méi ënnerhale gëtt , wat een awer glécklécherweis nët op dénge flotte Foto'e gesäit (déi läscht opwänneg Renovatioun huet 7 Joer gedauert a gouf 1974 ofgeschloss).
Hei schéine jo verschidde Leit an de Kiirchen doheem ze sin.. =;o) GOTT sei Dank muss ee soen, wann dobäi sou schéi Fotoen erauskommen! A wanns de eis domatt verschoune wells, da mengen ech gin ech rosen....hehe! Absolut SUPER!
Eng richteg harmonesch Foto. Datt et op der lenker Sait kromm as, as mir zwar den eischten Moment net sou opgefall. Fannen et och net weider schlemm, well d'Foto jo awer riicht geschoss gouf (gesait een jo op der rietser Sait). Impressioune vun der Architektur an den warmen Farwen kompenseieren dat och rem.