Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Namo Buddha

 
Namo Buddha
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.02.2011
  • Gekuckt:
    12443
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f8
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    433 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 1D MK4
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    24-70 f2.8
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
En Taxi (Marutti Suzuki) den aus all Strossen Lach komm ass) , an é gudde Rëck

Fir anzesetzen: [pg_img=53029]
Kommentar vum Fotograf:
Et ass 2 stonnen vun Katmandu ewesch
Namo Buddha ass e bessi ewei Golgotha fir d'Chreschten, eng vun den helleschten Plaatzen am Buddhismus , d.h. do wou sech den Buddha sein Liewen hin ginn huet fir eng Tigresse dei am gangen war vun honger ze stierwen an keng Kraft mei haat seng Kleng ze nieren.
En Zéchen dass mir all gleich sinn
Olivier 11.02.2011 - 17:14
Ciao gtaddei1,
Fannen tfoto as bessen eidel, t'ambiance ant scenerie kennt hai net richteg riwer.

bg
gtaddei1 11.02.2011 - 17:19
Mmmmh , jo du keinst recht hunn
D'Atmosphaer? jo och meiglesch ... dann ward mol dann ersetzen ech se ma enger aaner dei nettement mei Gefellt ass
Maimonides 11.02.2011 - 20:13
Den Olivier huet fonnt deng Foto kéint e bëssen eidel sinn.

E plastiks Eemer hunn ech awer do gesinn,
a villäicht och nach ee Schnuddelhung,
Wäsch am Wand
a Fändelen an der Loft,
Terrassen vun no
a vu wäit,
Alles dat um Buedem:
agebett an eng himmlesch Rou.

Voll ass se, deng Foto, Gennaro,
voll vu feiner Menschheet.
gtaddei1 12.02.2011 - 02:00
merci Charel
Fir eierlech ze sinn ech genau daat drann gesinn waatste elo sés
gtaddei1 11.02.2011 - 17:52
Dess Besser?
http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/5436670658/
Olivier 11.02.2011 - 17:56
Gefaellt mir ganz gudd dei dooten!
gtaddei1 11.02.2011 - 18:03
Thx very much... dei aaner ass mir einfach ze Touristesch an Dokumentaristesch
Bon et ass eng Affaer de sensibilité personnelle
Awer fannen emmer interessant , an emmer nés, dass én an sengen Konviktiounen gereselt get.
Thx indeed
Zora 12.02.2011 - 07:17
Loss schein brav dei heiten Foto drop, hun dei aaner elo gesin, an des Foto fannen ech vill mei ausdrocksvollclosed_eye
gtaddei1 12.02.2011 - 12:13
Dei aaner ass , war , een zefillen duerchananer. Thx
suraki 11.02.2011 - 17:26
ech gesinn et elo net direkt als eidel, fléicht well ech net aneschters kennen ?
mä och als Panorama, also ouni d'Fendelen déi awer typesch sinn an derbäi gehéieren, wär et e flott Bild !
gtaddei1 11.02.2011 - 17:42
Ed , merci,
Et keint Eidel wierken wann én d'Plaatz kennt, well et ass eng ganz Farwesch an volle Tempelen... Mé ech mengen dass d'Moenchen dess Vallée kucken waerend der Meditatioun.
D'Fendelen ... jo du heus recht ,,,, ech hunn se gelooss fir d'Lokalisatioun ze suggereieren

Firwaat fannn ech net onbedingt esou Eidel?
Mé et ass eng Wanter Foto, wou d'Farwen einfach e bessi aus sinn, mé dei Haengegaerten ginn deser Landschaft eng immens Rou dei Verstaerkt get vum Niwel an d'Collinnen. Et ass einfach an relativ Eidel mé vller Suggestioun.
Et ass meiglsch dass ech daat net eriwer kreien ... Mé wouste net konditioneiert bass vun engem egenen Erliewniss , kriss et villeicht nach e bessi mat
suraki 11.02.2011 - 18:06
wann ech dat dote kucken, ech war leider nach ni esou weit komm,
sinn ech mer sécher dat ech mech dohinner gesat, an eng gutt
Véierelstonn laang einfach nëmmen d'Landschaft gekuckt, an alles
ronderëm mech vergiess hät closed_eye
gtaddei1 11.02.2011 - 18:09
Genau Ed ... an ech kenn dir soen ... et ass einfach Magesch.
Ech hunn an de Bierger gewunnt , ech hunn all Lach an all Eck do gesinn , mé ewei am Nepal ass neischt (muss mol nach Australien , Vietnam, Cambodge, Patagonien, Nevada, Iowa, Enna, Schweden, Groenland an Alaska, Island, China an Japan nach kucken goen .... smile
suraki 11.02.2011 - 18:21
lo denken ech un d'Buch "Hund(e) wollt ihr ewig leben"bigsmile

ech gënnen de awer nach ! e puer Vacanzen méi closed_eye
gtaddei1 11.02.2011 - 18:26
Mmmh, maach mech net trauresch, sinn relative gudd drop smile
suraki 11.02.2011 - 18:37
ech wënschen der elo all Vakanz déi nëmme meigelech ass,
an du gëss traureg ?bigsmile
gtaddei1 11.02.2011 - 19:15
Ne daat mamm Hond .. ech wés jo waat fir en Enn ech hunn ... mé ech well Résen (op daat elo emmer Vakanzen sinn ... bo?)
Merci awer fir de Courage Ed... waerd dir emmer Dankbar sinn
suraki 11.02.2011 - 19:18
smile
Zora 11.02.2011 - 17:39
Do ass Natur nach intakt, an dei Idyll am Bild gefällt mär perseinlech ganz guddsmile
gtaddei1 11.02.2011 - 17:43
Upps du bass dem Oliver senger Ménung och net?
Zora 11.02.2011 - 17:50
Nööö, ech fannen se guer net eidel, Fändelen, Hinger, Bierger asw, an den Niwel ennerstetzt dei ganz Szèneclosed_eye
gtaddei1 11.02.2011 - 17:53
Danke
oder gefaellt dir dess besser ? Well daat ass d'Plaatz am Fong

http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/5436670658/
Zora 11.02.2011 - 18:36
Sin elo grad net um Laptop, mä um Iphone, an um Wee fir ob den Tour, soubaal ech Zäit hun, gin ech se kukkenclosed_eye
sylvie 11.02.2011 - 18:17
Fir mech ass och net eidel , mär gefällt se och super
gtaddei1 11.02.2011 - 18:20
thx dir och Sylvie, mé si keint effectivement Eidel durchkommen ... Ech mengen dei misst en einfach am groussen kucken
sylvie 11.02.2011 - 18:23
ech fannen se gudd wie se ass smile
gtaddei1 11.02.2011 - 18:26
Thx
michal1993 11.02.2011 - 19:45
ennen lenks, do as eppes wat mech steiert, me soss as se ganz flott
gtaddei1 12.02.2011 - 02:01
Daat enen Lenks sét dass do Lait liewen... de fait dass et net weider steiert , an esouguer dass et d'Direktioun vum Eye center ass , muss et net steiren

Villmols merci fir dei Komment
Poly 11.02.2011 - 20:21
herrlech atmosphäresch foto, fir ze meditéieren
gtaddei1 12.02.2011 - 02:02
Merci 1000 times
Et fréd mech dass dest esou eriwer kennt
Poly 12.02.2011 - 12:04
bei esou enger Foto schellt direkt uewen an de groen Zellen smile
gtaddei1 12.02.2011 - 12:11
Fir d eischt an der zone17 vun brodman, dann an der zone lateral vun roland, posterieure, frontal an limbesch zonen. Dourno vegetativen nervesystem bis an den ganglions celiaques ... An dann ensteht d emotioun matt gefill am bauch. Alternativ den sympateschen nervesystem mat effekt um haerzrythmus, oder serotonine plus noradrenaline mat effekt um etat d ame.
Alkes chemesch anscheinend... Nu je
Poly 12.02.2011 - 17:43
merci fir Erklärung smile
Jeanny 12.02.2011 - 08:11
wat eng herrlech Landschaft,
däi Leit hunn et och net einfach däi do wunnen
gtaddei1 12.02.2011 - 12:12
Net emmer , me esoulang den armut net misere gett sinn sie glecklech
Jean-Jos 12.02.2011 - 14:01
Schéine Bildschnëtt, flott Impressioun vun Déift durech déi fiicht Loft an déi dozougehéierég Niveau'en (Terrassen, Bierger...), d'Wäschléngt lénks (méi dovu wäer natirlech besser), d'Hütten an der Mëtt an d'Hong oder den Hunn ënne riets gin dem Bild eng Grëtz 'Schmackes'; ech fannen d'Bild dofir eigentlech nët eidel. Gefällt gutt!
gtaddei1 12.02.2011 - 15:16
Merci villmols fir deng Analyse.
An en plus ass dein Paak prett an e Meindesch gét en endlech fort ... Pardon

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 441 Gäscht online