Daat wuar zu Gozo eng Insel niewend Malta!
Gozo huet ongefeier 30000 Awunner!
Mier haten deen Daag en Guide dobai wou eis alles gewissen huet, et wuar immens flott!
Fannen d'Foto selwer ganz flott mier gefahlen d'Farwen!
Hmm, bloot Mier, bloen Himmel, Sonn, Strand... Also, am leifste giff ech och lo gär fort fuern (fleien). Genial, dei Foto mecht engem einfach appetit fir an d'vakanz ze fueren, an op alle Fall besser wei dei aus dem Luxairs-katalog.
Mee ech muss dech leider verbesseren : daat war secher net zu Valetta.. Malta huet net vill Sandplagen, an daat doten as eng Plaage dei as mengen ech op der Insel Gozo, mam Numm Ir-Ramla. Wei ech zu Malta war, do war eist Hotel bei enger vun deene eenzegen Plaagen op der Malta Insel selwer. An Valetta as d'Haaptstaad an dei as plus ou moins komplett vun Maueren emginn. Daat as eng Festung mat Hafen.
Daat doten schengt och eng gefouert Tour gewiecht ze sin (deen Aussichtspunkt as mir och bekannt ) an dann sidd dir bestemmt och an der Xlendi Bay (Schländi ausgeschwaat) stoen bliwen. Dei as fannen ech mei interessant, zumols fir Fotoen an d'Blue Grotto op Malta net verpassen !!!
ma wuar mer net mei ganz secher wou daat wuar an hat gemengt et wär zu Valetta gewiercht, jo zu Gozo wuar ech och mam Scheff! Daat wuar ganz flott!
dat mat dem gefouerten Touer stemmt! Mier haten deen Daag eng Jeep!
Iwert dei deelweis immens schlecht ennerhaalen Stroossen as et dach schon baal mei witzeg mat engem Ford Transit Minibus ze hoppelen.. Souvill wei dei Woch zu Malta sin ech nach ni an engem Auto ronderem gereselt gin.. An dohannen fueren se wei d'Sei.. schrecklech.. Mee normal, do gesäit een nach manner Police wei hei..
As engersäits eng schein an interessant Insel (mat 1 Kierch pro Quadratkilometer, dei heichsten nemmen meiglech Konzentratioun) mee trotzdem ging et mech net sou schnell nach eng Keier dohin zeien : eng eenzeg riiseg Baustell, immens vill Verkeier, mir am Summer vill ze waarm... an nach e puer sou Detailler
Waat ganz flott war : den Charme vun den Leit, d'Mettelmier, obwuel vill lass war, war nii Hektik, an Gozo --> dei wahrscheinlech einfachst Plaaz fir anzebriechen dei ech bis elo gesinn hun.. Wisou? Mee well do baussen un den Hausdieren d'Hausschlesselen hänken an daat baal iwerall.
jo mam Auto fueren do hues de rescht, et gouf een gudd geresselt am Jeep!
Mier sin Weer gefuer wou een guer net mam Bus hinkennt!
Jo zu Malta gin et 365 Kierchen! Fier aal Daag 1, wuar der och e puer kuken!
Ahjo mam abriechen do hues der rescht,mee et ass schein dohannen!
D'Laid sin immens Frendlech an gudd gelaunt!
D'Mier ass immens schein an d'Wieder wuar och gudd, heiansdo eng kill Loft mee sou schlemm wuar daat net!