Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Brotlose Kunst

 
Brotlose Kunst
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.01.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.01.2011
  • Gekuckt:
    19431
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/1.7
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1024x684
  • Späicherplaz:
    229 KB
  • Originaldatum:
    2011:01:15 18:17:14
  • Fotoapparat:
    DMC-GF1
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52297]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hu mech mol am Beräich Street versicht...
Maimonides 16.01.2011 - 14:34
Wat mech hei steiert, dat ass dass se kromm ass, an dass de Fokus net um Cellist leit.
Wat mir awer super gefält, dat ass di Szeen do, an däin Titel.
Nach eng Kéier: deng Foto gefält mir super.
Geko 16.01.2011 - 16:04
Merci fir däi Kommentar! Mengs du mat kromm, dat ech nët am rechte Wénkel zur Fassad stung ? Dat hätt ech kënne probéieren, jo. Et wir zwar dann nach manner vun der Brasserie dropkomm, well ech scho bal hanne widder stung a just eng fest Brennwäit dobäi hat.

Mam Fokus: ech konnt mech nët décidéieren, well déi 2 Deeler vun der Foto fir mech t'selwicht wichtig sin. Also hun ech gehofft, den Cellist géif nach mat schaarf, mee dofir war d'Blend dann awer ze wäit op. ISO rop an ofblenden, mee dofir gung alles vill ze séier...
Maimonides 16.01.2011 - 20:49
Weess du, Geko, Fotoen kann een net ëmmer esou maachen wei ee wëllt.
Dat wat mech steiert hunn ech dir éierlech gesot. Dat wat mir gefält och. Wann ech e bëssen Zäit hunn, da soen ech dir dat, wat mir gefält, nach eng Kéier, anescht.
Geko 16.01.2011 - 21:40
Ech si frou, wann ee mir seet wat e gudd fënnt. Et hëlleft mir awer méi, mech ze verbesseren, wann ee mir seet, wat en nët gudd fënnt a wat ech ka besser maachen. Dofir sin ech frou iwwert däi Kommentar a wollt mat ménger Äntwert bestëmmt nët besserwësserig riwwerkommen.
An ech si ganz gespaant ze liesen wat dir gefällt...
Maimonides 23.01.2011 - 16:16
Ligne de démarcation.

Jusqu'ici la terrasse
et pas plus loin.
Menus partout et
programme nulle part:
nourriture du corps,
baisers de l'âme à côté.
Le Cello transcendant
reste sans auditeurs:
Concerto solo.
L'endroit est bien choisi
(passage amplificateur)
mais malgré cela:
personne n'écoute.
Et le vélo à l'arrêt reste symbole
de l'arrivée inopinée
ou du détongueart prévisible.
Geko 24.01.2011 - 17:13
MERCI!
Sou ongeféier waren och mémg Gedanken, mee ech hätt se nët sou schéin a Wierder gefaasst kritt. smile
Poly 16.01.2011 - 14:48
wei jon gesot schued dat den sujet esou am eck am däischteren sëtzt , dat musst de onbedéngt korrigéieren, well si ass wierklech super als street smile
Geko 16.01.2011 - 16:10
Merci och dir ! Ech hun den Cellist schon bëssen opgehellt, fir dat en nët ganz soll ënnergoen. Nach méi an e gesäit aus wéi dramontéiert, hun ech fonnt. Mee dat e leng am däischtere sëtzt, neewt all dene Leit op der Terrass (ët kënnten där nach méi sin), dat ass d'Ursaach firwat ech d'Foto hei weisen. Fir mech ass och nët den Cellist de Sujet, mee de Kontrast tëschent denen 2 Halschente vun der Foto. Oder gin ech lo zevill philosophisch ? smile
Poly 16.01.2011 - 16:37
nee kengeswees, du muss jo net voll Spot setzen, just e bëssen ophellen, oder eventuell Luucht vum Passage e bëssen eropsetzen dat heem nach mat dra sëtzt,well de Bléck gëtt direkt vun der Terrasse ugezunn,
awer nach eng kéier mer gefëllt se vum Sujet hier ganz gutt
Maxx 16.01.2011 - 20:27
Jo, eng super Szen Geko, gutt erkannt an emgesat. Dec Cellist ass fir mech Haaptacteur, schued jhust dass en do ennert der Bréck setzt, an net ennert der Luucht. E flotten Street awer!
Geko 17.01.2011 - 07:29
Merci och dir, Massimo.
Nodeem dir lo schon zu 3 sidd, déi den Cellist, bzw. den Eck an dem e sëtzt, ze däischer fannt, ginn ech mech geschlo a probéiere mol mat ménge bescheidene Software-Kenntnisser, dat ze änneren.
Geko 17.01.2011 - 10:54
Ech hun de Beräich rondrem de Musiker lo bësse méi hell gemeet. Fannt dir dat besser ?
Maxx 17.01.2011 - 13:02
Jo, effektiv e bessen besser, virun allem em d'Been.
Ech hat eigentlech gemengt, hien hätt sech vun sech aus kennen an d'Luucht setzen, et sief, hien ass e bescheidenen Mënsch deen net well opfalen bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 679 Gäscht online