Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tierser Alp

 
Tierser Alp
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.01.2011
  • Gekuckt:
    26321
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    32
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    553 KB
  • Originaldatum:
    2011:01:13 20:59:53
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF-16-35mm f/2.8 II
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:
Fill Ausdauer

Fir anzesetzen: [pg_img=52263]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach eng Landschaftsphoto aus Süd-Tirol wann een vun der Seiseralm d'Rosszähne erop op den Schlern geet. Een Tour vun 23,5 km mat iwwer 1200 Heichtenmeter dei zwar wei dinn mais sech awer gelount hun.

Hei ee puer Photoën vum eichten Deel vum Tour:
Ennerwee fir op den Schlern
Nagarjuna 14.01.2011 - 22:04
Allerdings... ganz flott vue! D'Exif sinn e bëssi komesch (35mm bei f/11 an ISO 200) awer dat huet der Foto net geschuet. smile
Schluck 14.01.2011 - 22:15
Merci, si ass ee bëssen gekroppt ... mais erklär mer w.e.g. waat komech ass dass ech ët kann besser machen. 35mm, f/8, ISO 100 ?
Nagarjuna 15.01.2011 - 08:52
Ech war nach eng Kéier nokontrolléieren fir keng Dommheeten ze schreiwen. Bei dëser Lëns ass déi optimal Schäerft op Blend 8. Bei Blend 11 hues du eng Hyperfocaldistanz mat der 1D op 35mm vun 4,84 Meter, bei Blend 8 hues du eng Hyperfocaldistanz vun 6,66 Meter. Sou no ass jo keen Objet um Bild drop. Och wann d'Foto jo super ginn ass häss du dat bescht aus dengem Objektiv an Sensor erausgeholl wann's du se bei ISO 100, f/8 geholl häss. Ech denken awer dass een dofir misst d'Foto bei 100% vergläichen fir een Ënnerscheed ze gesinn an dofir ass et och e bëssi Korinthenkackerei, awer ech sinn nun mol sou... bigsmile
suraki 15.01.2011 - 11:07
genau Korinthekacker *ggg*

ech hätt wahrscheinlech ofgewart wat mein P mer erzielt , esou 25s/f22
a mat deck Chance hät ech meng 800ISO do hannen aus dem Keller net vergiess emzestellenbigsmile d'Bild as cool mat dem rouden Héischen smile
Nagarjuna 15.01.2011 - 11:20
bigsmile bigsmile bigsmile ;)
Schluck 15.01.2011 - 12:33
Merci suraki, dat rout Haischen ass ee coolen Bléckfang.

25s, f/22, ISO 800 vir bëstëmmt Top gewiercht fir se dann och nach esou richteg ze verwackelen closed_eye

den P hunn ech ganz erausgeheit well ech wëll selwer leieren Photoën ze machen ... an souwisou glewen ech der dat nët sou richtech ... du verar..hs mech smile
suraki 15.01.2011 - 12:54
jo et sollt jo e bëssen ironesch sinn, mä ass et net wierklech esou dat mer eis ze vill op Programmer verloossen, eis Tabellen ukucken an duerch Tester liesen am Platz dat mer eis op eis Biller konzentréieren .Et ass emol eng Regel ginn déi haut nach ëmmer zielt, a no deeër Milliounen Biller gemaach gi sinn :
Bei Sonn an Blend 5,6 ass den ausgestallten ISOwert (zb 200) d'Zäit déi soll agestallt ginn. Ech wées awer och dat d'analog Filmer mei flexibel doranner waren. Mei geschreiws hei ass jo och just fir ze soen dat mer, menger Meenung no eis vill ze vill vun der Theorie, déi awer och muss sinn!, oflenke loossen .
Schluck 15.01.2011 - 13:18
Hunn ët och sou obgeholl, ob d'Programmer verlossen ech mech guer nët well meng steht ball ëmmer ob M.

Just bei den Concertsphotoën lossen ech d'ISO ob Auto wëll d'Beliichtung wiesselt esou schnell .... soss bass de dei ganzen Zait um anstellen anstatt Biller ze machen an dofir hues de keng Zait am Pit.



Nagarjuna 15.01.2011 - 13:57
Laut denger Regel misst jo dann bei Sonn, Blend 8 an ISO 200 eng Zäit vun 1/100 benotzt ginn... An schon erëm déi verflixt Tabellen, Emrechnungen an Formelen... bigsmile tongue
Ech denken déi Theorie soll een och wéinstens een Mol kennen geléiert hunn. Ob een se elo verhält an uwennt ass eng aner Saach. Awer se mécht engem Liewen ëm een villfacht méi einfach. An jo... den Film ass vill méi gedëlleg wéi een Sensor.
suraki 15.01.2011 - 14:00
genau smile)))) mä dat geet esou guer bei mär nach am Kappbigsmile
Nagarjuna 15.01.2011 - 14:02
Ups... elo hues du geäntwert wou ech nach amgaangen war mäin Kommentar ze modifizéieren. Sorry... Et huet awer net vill geännert...
suraki 15.01.2011 - 14:18
jo, an dofir sinn mer all frou dat mer net méi mam Handbelichtungsmiesser mussen dorëmmer lafen smile
Schluck 15.01.2011 - 14:32
@suraki: Am Kapp jo wann een d'Formelen bis wees ... mat Handbelichtungsmiesser, freck och nach sou eppes matschleefen.

Dat sin dei 240g vum 24mm vs. 24mm TS closed_eye
marker 15.01.2011 - 18:32
ohla..., ...dat heescht mir hun just nach all esou eng Pixelknips??.. closed_eye
Schluck 15.01.2011 - 14:29
@Nagarjuna: Ech fannen ët och richteg dass een Theorie mol soll kënnen mais ët brauch een och eng Zaitchen fir se ze verdauen an ¨dann och nach ëmzesetzen.

35mm bei f/11 an ISO 200 misst jo laut menger Berechnung d'sëlwescht sin ewei f/8, ISO 100 an de Belichtungswert woar jo mol weinstens ok.

Ech mengen dass jo och een Deel Intuitioun dobei ... Theorie muss een ob allen Fall kennen wëll iwwert d'Gesetzer vun der Physik/Optik kann een sech souwisou nët ewegsetzen.

Ech huelen ganz oft dei experimentel Approche ... probeieren mat enger Sëcherheetsmarge
Nagarjuna 15.01.2011 - 15:03
Vun Blend 11 op Blend 8 ass een Ënnerscheed vun 1 Liichtwäert (f-stop), an vun ISO 200 op ISO 100 ass och een Ënnerscheed vun 1 Liichtwäert. Geet een elo an den ISO een Liichtwäert erof, dann muss een an der Blend een Liichtwäert erop goen (also eng ganz Blendenzuel méi kleng) fir ganz genau déi selwecht Beliichtung ze hunn. Déi Saachen weess ech awer och just sou gutt auswenneg well ech e puer Mol misst een Workshop driwwer halen. smile
Schluck 15.01.2011 - 16:53
Yep, dat wees ech och sou lues ...dofir hat ech jo 35mm, f/8, ISO 100 geschriwwen.
Schluck 15.01.2011 - 12:16
Deng Korinthenkackerei ass absolut wellkomm, well genau dorëmms geet ët jo, dat bescht aus enger Photo erauszehuelen an ze leieren wei een dat mëscht. Ech muss dei Tabell mat der Hyperfocaldistanzen verhaalen dass ech dat wëssen och kann ëmsetzen.
Nagarjuna 15.01.2011 - 12:40
Wann's du een iPhone hues kriss du och eng App dofir. smile
Schluck 15.01.2011 - 13:12
Hehe ... jo mais een EierPhone hun ech nët closed_eye (nët rossen sinn fir all dei, dei een hun ... ass nët beis gemengt). Fir mein gët ët dat bestëmmt och ... muss emol kucken.
TomEwert 14.01.2011 - 22:52
naja och wann blend 11 vielleicht en bessen vill zou ass, verstin ech awer virwat hien hei wollt besonneg den waert op déiftenschaerft setzen. flott siicht, par contre giff mech interesséiren ops du se am post-processing nach vill nogeschaerft hues?
Schluck 14.01.2011 - 23:03
Merci Tom ... effektiv woar Deiftenschaerft den Grond mais wees nët ob ech haet missten sou wait zou machen.
Post-processing:
Ee bëssen gecroppt an contrast bei .. dann Export aus dem LR.
PS: verklengert mat "Bicubic Sharpen" an dan upload ob PG
Jean-Jos 14.01.2011 - 22:14
Ech fannen d'Bild huet eppes 3-dimensionales u sech, wahrscheinlech durech d'Wollékegrupp, déi nët iwwer, mee hannert den éischte Biergzänn ass. Eng schéin Déift a Respekt, datt's de däi Material do mat erop geschleeft hues closed_eye
Gefällt mir exzellent.
Schluck 14.01.2011 - 22:24
Merci Jean-Jos, jo dei Deift huet mer och sou gudd gefall. Ech hat deen Dag zum Gléck net alles mat ... mier sin moies um 10:00 zu Compatsch fort gangen an woaren um 20:30 zeréck wou ët schon bal deischter woar.

Freet mech dass se der gefällt
Jeanny 15.01.2011 - 07:43
eng wonnerbar Landschaftsfoto an eng herrlech Déift,
ass dat dei Vakanzenhaussmile
Schluck 15.01.2011 - 12:24
Merci Jeanny, dei Aussiicht woar einfach herrlech. D'Vakanzenhaus woar zu Kastelruth ronn 1500 Heichtenmeter mei deif.
mischii 15.01.2011 - 11:19
Herrlech, déi Déift do,
d'Dolomiten sin schon eng impressionant Landschaft
ech mengen och , dass deen Tour sech gelount huet
Schluck 15.01.2011 - 12:26
Merci Mischii, ech woar schon ob villen Platzen an den Alpen an d'Dolomiten sin einfach am Scheinsten.
GarrySchroeder 15.01.2011 - 13:17
Draamlandschaft.
Schluck 15.01.2011 - 13:19
Thx Garry ... du sees ët, kann ët lo schon nët erwaarden fir am Summer erem dohin ze fueren
marker 15.01.2011 - 18:26
...ganz flott daat doten Schluck, a wéi schons e puer Leit hei bemierkt hun eng wonnerbar Déift am Bild.

an ech denken, zu enger anerer Dageszéit, evtl. Moies fréih, ier alles "flach" beliicht ass wir se souguer nach besser.. closed_eye
gi87 16.01.2011 - 20:57
Well am leiwsten Dohinner , einfach ganz Flott geknipps, Flotten Kadrage an Flott Vue smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 482 Gäscht online