Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gare du Luxembourg

 
Gare du Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.04.2006
  • Gekuckt:
    38763
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    30/1
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x745
  • Späicherplaz:
    385 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:11 22:24:28
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=5154]
Kommentar vum Fotograf:
DRI vun 5 fotoen
CANON 13.04.2006 - 17:13
Top gemach och wann 5 Fotoen hunn missen d'run glewen ,Laut Auer ass et schon's ball 1/2 12 an et waar Kaal mee eng TOP Idee ,, Blummen deppen 4 oder 5 sinn en bessen iwwer belicht mee odfir ass fassade jo top gut also 9/10 et geif en mengen die Foto do wâr aus engem Haus eraus gemach zb aus enger Stuffen Fenster....Och gut die Rumm em Foto 9/10
Nicon07 13.04.2006 - 18:31
Zur Technik vum DRI huët de Canon jo alles gesot. Dofir hei mäi Luëf fir de Cadrage an de Bildopbau. Di eenzel gebailéch Volüme si gudd pondéréiert, ( Ech kéint et och op lëtz. soë, mais dat as mi komplizéiert an dësem Fall), di eenzel Schattéierungen a Farwen harmonéiere gudd mateneen, an d'Bléckrichtung as eng Zickzacklinn, déi ee vun ënnen no uëwen a vu rechts no lénks op den Tuurm vun der Gare hiféiert, deen de Bléck aus dem Bild eraus an den Himmel weist. (dëst as elo net metaphysesch ze verstoën.) Am Detail: rechts as eng Diir, do geet een an d'Bild eran; da leeden een di eenzel Vasen vum Schiëdberäich an d'Liicht. Déi Bewegung gët vun enger géigeleefecher Bewegung vun der Corniche vun der Galerie Konz an dem Daach vum Buffet de la gare nach verstärkt. Alles weist op di Mansarde mat deem spatze Giëwel, deen de Bléck no uëwen op den Tuurm zitt an da geet et erop mam Aa bis an d'Spëtz a doriwwer eraus. Genial gesin.

p.s. Mierkt een net zevill, datt ech op 7e a 6e méi wi eng Kéier eng Bildbeschreiwung als Strof beim EdArt-Prof hat?
alma 13.04.2006 - 22:32
wow, net schlecht was du alles an sou enger foto geseis.
Alphonse_M 03.03.2007 - 14:09
intressant interpretatioun...dass d'künstlerin dat wameiglech net sou gesinn huet an nemmen d'technikerin um wierk war sollt een sech allerdings och am kapp behaalen
amBesch 13.04.2006 - 21:43
Ehm, jo, de Nicon07 huet d'Bild jo schon perfekt analyséiert, do bleift eigentlech nët méi villl ze soen ausser dass ët effektiv ganz flott ass smile
Mir gefällt besonnech de Bildopbau, respektiv de Cadrage ganz ganz gudd! Den hues de wiirklech super gemaach, chapeau!
No_Saint 13.04.2006 - 22:39
Ech stemmen mengen Viiriedner zou waat Qaialitéit vun dem Bild ubelaangt . D´"CFL" Bild vu geschter gefellt mer perséinlech nach e besse méi wéinst der Dynamik an dem Farwespill.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 582 Gäscht online