Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gedélten Landschaft

 
Gedélten Landschaft
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.12.2010
  • Gekuckt:
    23822
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    8,16,30 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    250 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x506
  • Späicherplaz:
    419 KB
  • Originaldatum:
    2010:12:15 01:06:27
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    70-300 L USM IS 4-5.6
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51448]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Gedélten Landschaft... ewei awer daat Alt Majestüös op daat neit Mikrescht kuckt. Awer d'Wéer délen sech definitiv, pragmatesch fir dat Virtuellt, Produktioun fir den Konsum, dat Menschlech fir dat ...?
Miisamm 15.12.2010 - 06:35
Uaah an deem drecks wieder sou wäit duerch de besch! Cool awer smile
Evil arbed mat new shiny belval bank smile
Nagarjuna 15.12.2010 - 08:02
Uh! Kal Féiss hunn ech mir awer och elo geduecht.... brrrr....
Ech gierf ech awer léiwer sou gesin... Good old Arbed mat new evil shiny belval bank closed_eye
gtaddei1 15.12.2010 - 10:48
Né guer net esou wait ... sinn einfach de Bierg erop geklommen well ech net mamm Auto bis bei de Bësch koum.
D'Portugiesen an Garden laanscht d'Strooss hunn mir eng kleng Drëtonguep offreiert... War der waert
suraki 15.12.2010 - 12:33
ech wousst jo schon dat e Lidderegen keen Dommen assbigsmile
super Perspektiv, a natierlech och d'Bild smile
gtaddei1 15.12.2010 - 12:54
Dei Fleissesch schons.. e bessi
Merci ED
suraki 15.12.2010 - 12:57
bigsmile
Miisamm 15.12.2010 - 13:41
Jop schon smile, just daat gebei vUn der arbed gesäit no monster aus, dat ass d'inkarnatioun vun engem "beise" gebei. Ech fannen dat esou eppes vun imposant wann een um belval am rond point dei buud gesäit bigsmile.

@gennaro: jop mat kloteren geet et bedeitend mei seier smile
gtaddei1 15.12.2010 - 13:55
Jo alles ass imposant ... Die Hütte
Zora 15.12.2010 - 08:04
Et gin esou vill Saachen dei gedeelt gin, Berliner Mauer, schwuarz an weiss, reich an uarm, waat kennt nach, schein duergestallt den Härrclosed_eye
gtaddei1 15.12.2010 - 10:47
Hai ass Délung Kulturell ... D'Bild vum Land , vun der Minette stecht villeicht hai... D'Mutatioun
Zora 15.12.2010 - 11:20
D'ass een Eck wou ech guer net kennen, mein Mann ass do awer doheem, ganz flott zweedeeleg Vue closed_eye
gtaddei1 15.12.2010 - 11:21
Dann misste mol mat dengem Mann mol eng Keier dohinner goen... Et ass particulier
Zora 15.12.2010 - 11:24
Jo wär eng Idee, mä et geet alt net emmer wengs dem Bouf, an alleng .... Naja merci fir den Tip closed_eye
Deckelsmouk 15.12.2010 - 08:25
D'Faarwen gefahlen mir immenz gudd:
Raschtech Schinnen - Rouden Buedem
Reflexioun vum Himmel op der Oberfläch - Richtegen Himmel
An dann och d'Silhouette vun den Bierger déi dem Bild en Hannergrond verschaafen.
Flott, Flott! smile
gtaddei1 15.12.2010 - 10:46
Merci fir dei flott an vun dir begrennt komplimenter
Locke 15.12.2010 - 09:09
Haal op mat deenen Saachen, iwerall wou ech welles hun eng keier ropzeklammen wars du scho virdrun closed_eye
gtaddei1 15.12.2010 - 10:45
Jo deng Spezilaiteit ass erof goen!
Do war ech schon lang hinn ... mé et ass nie eppes ginn. Leschten Sonndesch war eng Flott Luucht do an ech hat 30 min Zait fir mech. Et war kaal do uerwen
Locke 15.12.2010 - 10:53
Lol, wa lo Vakanz as, gin ech och mol rem gepfelgt urbexen smile gett soulues rem Zäit smile
gtaddei1 15.12.2010 - 11:10
Jo ech ginn an d'Hetzt ... Samsden get et fort
BerBe 15.12.2010 - 11:24
An denger Plaatz giw ech mech tommelen, well een deel vun der Breck muss geschwenn der Autobunn Plaatz maachen!
gtaddei1 15.12.2010 - 11:37
Ah? ... voilà Ais Geschicht get zersteiert fir d'Mobiliteit am Dengscht vum Virtuellen
BerBe 15.12.2010 - 12:52
Mer d'liaison Micheville, geed herno durch Aude, an dovir muss den Bahndamm en Deel vun der Breck Richtung Schlachentip fort, fir dat do 4-Spuer durch passen, den rescht vun der Breck soll am Moment awer mol nach bestoen bleiwen. Fannen elo leider net den Projet, well d'Fransousen hunn do alles genau erklärt, virun allem eng Lescht mat all deem wat am Wee ass.
gtaddei1 15.12.2010 - 12:53
Super
Gaga 15.12.2010 - 11:22
hmm, Gennaro,
ech wees dier dr sid jo keng empfindlech, well ech fannen, gemoos un deem wats de dei läscht meint bruecht hues, des foto langweileg !
weder motiv, nach verarbeschtung fannen ech dengem niveau entspriechend...
ech kann mer fierstellen dat do am A0 nach vill detailer ze entdecken sin, mais wat ech hei gesin as wei gesoot e bessen platt !

Mais ech denken an 3-4 Wochen kreien mer erem richteg geil Bollywood-Street-Fotoen gewisen hei ! closed_eye
gtaddei1 15.12.2010 - 11:49
Mé et ass eng Platt Situatioun... Wantersonn um 12h30 ... matt Schnei.
Langweilesch? Et ass meiglesch... et ass bei ais dohém , ouni besonnesch Spannung... daat ass wouer... Bearbeschtung? Bal keng. Lang pose am HDR an just nemmen kontrasteiert (5 min Arbescht)
Ech halen awer op dess Foto fir mech well dei awer Symbolesch ass ... Verrottung net vun der Br¨ck asw mé vun enger Mentaliteit ... Et ass e bessi esou ewei sech dei mescht Aarbeschter an der Minett fillen dei zenter 20 Joer an der Pensioun sinn. Sie hunn d'Gefill net mei dohinner ze geheieren... Jo ier Welt ass e bessi "verplatt"
Merci MArco fir dein Kommentar... Mé beim beschten Wellen weist ech net wei dess "besser" ze maachen. Villeicht guer net machen? Meiglesch...
Bis geschwenn
Gaga 15.12.2010 - 14:42
Mier fehlt hei einfach e Sujet ... alles am Hannergronnt as ze kleng, an fier as naischt ausser dei Schinnen, wann elo do en aalen wagon geif stoen/fueren ... hmm ... mais esou as t'aan e bessen verluer a wees net wouhinner kucken !
mais bon, naischt fier ongut, adg ...
gtaddei1 15.12.2010 - 16:03
Verstinn, e wagon? Na ja... Et waerten 30 joer sinn wou de leschten do gerullt ass. Du hues den thema awer erfaasstsmile eidel ouni senn!!! Mir sinn jo net vir neischt Biren oder Ex biren. Lol
gtaddei1 15.12.2010 - 22:40
Cf och zerebruz leschte saatz
BerBe 15.12.2010 - 11:23
Wow um Viaduct vun Aude bigsmile, super Foto
gtaddei1 15.12.2010 - 11:56
GEnau
ZerberuZ 15.12.2010 - 18:43
fier mech gesait et eischter esou aus als geif deen aalen deel vun esch verotten geloss gin an all energy an en quasi nei-esch geluet gin ... mat deem mer eis net identifizeieren kennen .. geblend duerch daat neit gesin mer net mei daat aalt
zu der technik .. du hues schon vill besseres gemaach
gtaddei1 15.12.2010 - 22:39
Genau daat waatste soos ass fenau daat waat ech empfannen.
D kritik: akzepteiren , natirlech mat Bescheidenheet. Muss mech nees drunn ginn.
Na ja et ass net emmer sonndesch ( d' italiener soen daat fir ze soen daat net alles gutt kenn sinn ).
Dat ass dat gutt bei pg... Wann eppes dem standard vum member net mei oder manner kennt dann kritt een daat gesoot!
mischii 15.12.2010 - 22:49
Flotte Bléck
a wéi sech do alles deelt ass scho krass, deng Iwwerleeungen si berechtegt
gtaddei1 15.12.2010 - 23:22
Merci mischi!
Mir kucken an observeiren an dann muteiren mir och... Progessistesch denken! An optimestesch

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 456 Gäscht online